Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch – eise Bäitrag
Fir den ‚Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch‘ offréiert den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft déi follgend Konferenz iwwert d’Iwwersetzungsoptioune fir Gesetzestexter vum Christine Schmit um Campus Belval. Jiddereen ass invitéiert; eng Umeldung ass net néideg. De ganze Programm vum ‚Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch‘ fënnt een hei. Kontakt: Peter Gilles oder Christine Schmit

