0
0

Ass et Wuertschatz oder Wuertschaz? Ech hunn di 2 Méiglechkeeten um Internet fonnt!

  • Marie-Anne Lentz-Christen asked 10 Jahren ago
  • last edited 10 Jahren ago
0
0

Moien a Merci fir Är Fro.

Déi Saach mam ‚Wuertscha(t)z‘ ass eppes, wou mer och schonn op eisem Institut driwwer diskutéiert hunn. An d’Äntwert ass: Alle béid si richteg. Et ass just eng Fro vun der Aussprooch.

Am Fong geet et bei dësem Wuert prinzipiell ëm den zweeten Deel vum Kompositum, d.h. wisou hu mer <Schaz> an <Schatz>?

D’orthographesch Variatioun <Schaz> / <Schatz> ass hei e Reflex vun der Aussprooch, wou et drëm geet, ob den ‚a‘ vun ‚Scha(t)z‘ laang oder kuerz ausgeschwat gëtt.

Dorauser resultéieren dann d’Schreifvarianten <Schaz>, wou den einfache Konsonant <z> de laangen ‚a‘ markéiert wéi bei <Schaf>, oder mer schreiwen <Schatz>, wou den duebele Konsonant <tz> weist, dass den ‚a‘ kuerz geschwat gëtt wéi bei <Batz>.

Effektiv fanne mer schonn am LWB (http://engelmann.uni.lu:8080/portal/WBB2009/LWB/wbgui_py?lemid=HS00957) déi zwou Varianten:

Schaz, Schatz M.: 1) (Pl.: Schätz) «Schatz» — vor allem im Märchen: si hun e Sch. fond; 2) (Dim.: Schätzelchen) «Geliebte(r)». 

An och am LOD (http://www.lod.lu) sinn déi béid Formen als Varianten uginn, d.h., dass se alle béid richteg sinn (ebe jee nodeem, ob Der den ‚a‘ kuerz oder laang schwätzt).

An eisem Text-Korpus kënnt den <Schatz> méi heefeg vir (64mol) wéi <Schaz> (14mol). D’Variant mam kuerzen ‚a‘ (also <Schatz>) ass warscheinlech duerch déi däitsch Form beaflosst.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.