Wéini kann ee virun der Kombinatioun (Adjektiv+Substantiv) den onbestëmmten Artikel a senger désaccentuéierter Form benotzen, a wéini muss een déi accentuéiert Form benotzen? Ginn et hei Regelen?
Niewent de bestëmmten Artikelen den an d‘ gëtt am Lëtzebuergeschen nach eng aner Famill vun Artikele benotzt: déi, dat, deen
An hirem Buch „Lëtzebuergesch Grammaire“ bezeechne Schanen & Zimmer (2012: 104) dës Famill vun Artikelen als article „démonstratif tonique“, an erkläeren, datt déi bestëmmt Artikelen d‘ an den nëmmen eng „forme désaccentuée“ vun den Demonstrativartikele sinn.
Elo ass et esou, datt mir am Lëtzebuergeschen virun der Kombinatioun (Adjektiv + Substantiv) munchmol net déi bestëmmt Artikele setzen, mee d’Demonstrativartikele – ouni awer datt mir dofir och déi Artikelen an hirem demonstrativen, also hiweisende Sënn gebrauchen. Awer ebe just munchmol: Et schéngt awer, wéi wann dat net ëmmer de Fall ass.
Déi selwescht schreiwen (2012: 105):
[…] l’article accentué dat au neutre et déi au féminin singulier et au pluriel sont quasi obligatoires devant un adjectif épithète sélectif. (mäi Fettdrock)
Leider fannen ech bei béid Auteuren keng Erklärung, nach soe si, wat genau si mat „quasi obligatoires“ mengen. Idem och 2012: 153 (§261):
„Au neutre, féminin et pluriel, l’article défini non accentué est généralement exclu au profit de l’article dat et déi.“
D’Auteuren stelle fest, datt ee muss „déi jonk Fra, … déi grouss Kanner, … dat klengt Haus“ soen, an zwar „en raison du non fonctionnement: *d’jonk Fra, *d’grouss Kanner, *d’klengt Haus“ (2012: 105).
Op där anerer Säit kann ee soen: „an d‘kaalt Waasser falen“, well een hei eppes anescht mengt ewéi mam Ausdrock „an dat kaalt Waasser falen“. Firwat een dat net ka bei den Ausdréck „jonk Fra“, „grouss Kanner“ a „klengt Haus“ maachen ass mir awer e Rätsel.
Firwat ass dee Bedeitungsënnerscheed tëschent demonstrativ vs. net-demonstrativ an deenen enge Fäll duerch d’Benotze vu verschiddenen Artikelen signaliséierbar, an deenen anere Fäll awer anscheinend net?
Gëtt et eng Regel hei, a wa jo, ass déi semantescher, grammatesch oder phonologescher Natur?
- Ashwin Jean Schumann asked 6 Jahren ago
- last edited 6 Jahren ago
Et ass effektiv esou, datt am Lëtzebuergesche virun der Kombinatioun Adjektiv + Substantiv schwaach Artikelen dispreferéiert a staark Artikelen (definitit oder ondefinit) preferéiert ginn:
Nom. / Akk.: deen / een alen Hues
dat / een aalt Päerd
déi / eng al Kou
Dat.: deem / engem alen Hues
deem / engem ale Päerd
där / enger aler Kou
Dëst bedeit allerdéngs net, datt schwaach Artikelen an dëse Konstruktioune net benotzt dierfe ginn. Bei den / en alen Hues handelt es sech duerchaus ëm akzeptéiert Formen.
Wichteg ass, datt et sech hei ëm eng Ënnerscheedung tëscht staarken a schwaachen Artikelen an net tëscht schwaachen (désaccentuéierten) Artikelen an Demnonstrativartikelen handelt. De Paradigma vun den Demonstrativartikel ass folgenden: Nom/Akk: dësen, dëst, dës, dës / Dat.: dësem, dëser, dësen
Firwat gëtt et dës Preferenz?
Do lount sech e Bléck an déi däitsch Sprooch .
Prinzipiell ass et esou, datt staark flektéiert Adjektiver Definitheet ausdrécken. Dëst huet seng Wuerzelen am Alhéichdäitschen, wou den System vun den Artikelen nach net fäerdeg entwéckelt war a soumat dës grammatesch Kategorie net mat Hëllef vun eben dësen Artikelen ausgedréckt konnt ginn. Aus dësem Grond kann d’Kombinatioun staark flekt. Adjektiv + Substantiv u sech och ouni Artikel also engem Determinéirer stoen: guter Wein. Mat engem schwaach flekt. Artikel brauch et allerdéngs en Artikel: ein/der gute Wein. Am éischte Fall dréit also d’Adjektiv déi grammatesch Informatioun, wougéint am zweete Fall den Artikel dat iwwerhëlt. Am Lëtzebuergeschen ass et esou, datt déi Ënnerscheedung tëscht staarker, schwaacher a gemëschter Flexioun esou gutt wéi ofgebaut aus. Dat bedeit also, datt d’Adjektiv déi grammatesch Roll, déi et am Däitschen iwwerhëlt, net méi spille kann ( gudde Wäin – en/de gudde Wäin). Fir Definitheet auszedrécke brauch et am Lëtzebuergeschen also en Artikel an am beschten ee staarken, well eben dësen accentuéiert an definéiert.
Datt den Accent an der Grammatik esou staark op Neutrum, Femininum a Pluriel geluecht gëtt, huet domat ze dinn, datt de schwaachen Artikel d’ immens wéineg Substanz huet. Dëst verhënnert, a méi eendeiteger Weis, wéi beim schwaachen den, datt en als Determinéirer fungéiere kann.
Dowéinst geet engem den alen Hues och einfach iwwer d’Lëpsen, d’alt Päerd oder d’al Kou allerdéngs manner.
Fir also op Är Fro ze äntweren:
Strenggeholl ginn et keng Reegelen, déi uginn, wéini an dësem Fall e staarke bzw. ee schwaachen Artikel benotzt muss ginn. Staark Artikelen an dëse Konstruktiounen ze benotzen, virun allem, wann et sech em Netura, Feminina oder Pluriellen handelt, kann awer duerchaus als Recommandatioun ugesi ginn.
- Nathalie Entringer answered 6 Jahren ago
- last edited 6 Jahren ago
Please login first to submit.