Leider gëtt et bei dësem Wuert keng einfach oder gutt Etymologie. Wat awer kloer ass, ass dat et e Wuert ass, dat sou am ale rhäinesche Sproochraum virkomm ass, bis hannert Dortmund. Et kéint een sech hei eng Kontaminatioun vun de Verben huddelen a fautele virstellen, wat duerchaus méiglech wier, well eng änlech Semantik do ass.
Onkloer ass, ob et mat engem Schwäizereschen fuddeln (‚vill maachen wou näischt dobäi rauskënnt‘) oder dem Cronbergeschen fudeleg (‚labber‘) eppes ze dinn huet.
Ech ginn awer éischter dovunner aus, datt et ee vun deene Wierder ass, dat speziell am mëttel- an nidderdäitsche Sproochraum ze fannen ass, graff gesot, wat e bëssen de Lien vum Lëtzebuergeschen zum Platt an zum Hollännesche mécht, an zwar sou, datt den urspréngleche semantesche Lien eng Fatz war, änlech dem hollännesche feil.
Wéi genau, ass awer net ganz kloer, mee e Verglach mam Verbum feiteln am Pfälzeschen (‚boxen, stoussen‘) an am rhäineschen (‚fléiwen‘) leet awer eng wäitleefeg semantesch Verbindung mat der Fatz no. Eng kléng Fatz aus Stoff ass natierlech beweeglech (am Verglach zu grousse Stoffbunnen, sou wéi de Stoff am ganzen opgewéckelt ass). Et muss een sech also virstellen, datt et ëm d’Beweeglechkeet vun enger Fatz geet, déi hei als semantescht Motiv benotzt ginn ass, ee Motiv mat visueller Bedeitung, wat oft de Fall ass.
Deemno ass also een, dee fuddelt, een deen sech beweegt wéi eng wurreleg Fatz (am Wand), sou séier, datt een net alles erkennt an eventuell eppes komesch leeft. Een, deen an der Pfalz gefeitelt huet, war dann een, deen sech wéi beim Boxe séier beweegt huet, woubäi d’Wuert vun der Beweegung op den Akt vum Boxen iwwerdroe ginn ass. Een, dee beim Rhäin gefeitelt huet, dat war een, deen sech gedréint a gekéiert huet fir engem ze gefalen.
Leider musse mer et dobäi beloossen, well insgesamt déi germanesch Etymologie net ganz kloer ass, ausser datt et eppes mat der Fatz ze dinn huet.
- Sam Mersch answered 4 Jahren ago
- last edited 4 Jahren ago
Please login first to submit.