An engem vu menge Lëtzebuergeschcourse koum d’Fro op, vu wou dat Wuert ‚glëschtereg‘ kënnt. Ech hunn dorop selwer keng Äntwert, mee villäicht weess hei ee méi…
- Stephanie Buchler asked 6 Jahren ago
- last edited 6 Jahren ago
Gudde Mëtteg.
(Déi kuerz Versioun fannt Dier ganz ënnen.)
Et handelt sech beim Wuert glëschtereg (schneekeg) em eng Adjektiv-Derivatioun vum Wuert Gloscht.
Bei Gloscht (houdäitsch Begierde) läit eng eng Bildung vun engem Kollektivum ob ge- (alhoudäitsch nach gi-) fir, woubäi de Prefix zimlech oft fir kënnt an de kontinental-westgermanësche Sproochen a sou gutt wéi ëmmer op eng Compilatioun vun alle méigleche lexikalesch relevante Glidder hindeit. Et ass dat selwecht ewéi an houdäitsch Gebirge, dat eng Kollektioun vun alle Bierger an engem spezifesch lokal begrenzte Raum bezeechent.
Den zweeten a semantesch relevanten Deel vu Gloscht ass dann Loscht. Gloscht stellt bezeechent also do eng Kollektioun vun alle méiglech Instanzen eng Loscht ze empfannen. Interessant ass den Ënnerscheed zum Houdäitsche hei, dat Gelüste heescht. Déi selwecht Form misst dann op Lëtzebuergesch Glëscht heeschen. Et ass awer hei eng alternativ Form ouni Umlaut (eng Vokalverännerung) unzesetzen déi schonn mëttelhoudäitsch beluecht ass (als g(e)lust, kuckt hei). D’Lëtzebuergescht weist hei eng aner Interpretatioun vun deem Kollektivum an deem et d’Wuert an de Singulier setzt. (Am Houdäitschen gi sou Bildunge vu Kollektiva an de Pluriel gesat.)
Méiglech ass dat glëschtereg op eng Bildung mat engem –ari– Suffix zréck geet, woubäi dëse Suffix benotzt ginn ass fir en Agens ze kreéieren, also fir déi Persoun ze beschreiwen déi enger Handlung nogeet. Dee leschten Deel vu glëschtereg ass just eng einfach Adjektiv-Derivatioun.
Fir et kuerz ze halen ass glëschtereg vun der Etymologie a senge morphologeschen Elementer sou ze charakteriséieren:
„am Zoustand sinn vun engem deen aktiv eng Usammlung vu multipelle Loschtgefiller verspiert„,
einfach gesot: „Loscht hunn op eppes Onspezifesches„. (Onspezifesch ass et doduerch dat et d’Gesamtheet u Loscht bezeechent).
Mat beschte Gréiss,
Sam Mersch
- Sam Mersch answered 6 Jahren ago
Please login first to submit.