0
0

Meng Duechter huet mech haut gefrot, firwat dat haart Stéck tëscht Nol a Fanger Näidwuerzel heescht. Am LWB hu mir fonnt, datt dat och e Stéck tëscht zwee Grondstécker ka sinn, wat zu Sträit féiere kann. Dat liicht eis an. Mee firwat ‚Näid’wuerzel. Beim Grondstéck ass dat och verständlech, mee beim Fanger…?

0
0

D’Wuert ass am Volleksglawen entstanen, andeems nämlech gemengt ginn ass, datt déi kleng, verhäert Hautstécker op der Säit a ‚Kompetitioun‘ mam Fangernol wieren an deementspriechend ’näidesch‘ op e wieren.  A verschiddene Sproochen an Dialekter gëtt et Ofwandlunge vun der Näidwuerzel: dt. Neidnagel, hollännesch nijdnagel, muselfr. näidflääsch.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.