0
0

Ech wollt wëssen, ob een dat Wuert Gebeess aus enger anerer Sprooch ofleede kann oder wéi dat Wuert entstanen ass.

0
0

Gebeess kann direkt aus dem Verb beezen (dt. ‚beizen‘) ofgeleet ginn a beschreift déi ursprénglech Produktiounsmanéier, an deem Fall ‚konservéiert mat Zocker‘. Éisleker Dialekter kënnen nach d’Originalforme mat <z>: Gebäz, Gebeez, déi direkt vu beeze kommen. Am Laf vun der Sproochgeschicht huet sech den <z> zu <ss> entwéckelt (De-Affrizéierung). Morphologesch muss et sech ëm e Participe passé handelen (dt. ‚das Gebeizte‘).

Rheinisches Wörterbuch: Ge- beize gəbts, –ā-, –ē- Saarbr, WMosfrk bis Aden-Kaltenborn (-s), Malm-Vith; Merz, Bitb,Trier-Ld, Daun auch -bs, –ē- [-iăts Bitb-Speicher; -øts Prüm-Ihren Leidenb] n.: Dicksaft, Gelee aus Beeren-, Obst- oder Rübensaft zum Bestreichen des Butterbrotes; auch geleeartiges Obstmus u. Marmelade; Latwerge. — En Gebezschmer.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.