0
0

An direkt nach eng Fro, déi ech selwer dacks gestallt kréien:

Vu wou kënnt de gell, dee jo interessanterweis och mam Pronomen an der 2.Persoun (gelldu, gelldir, a souguer mat der Verbendung: gelldiert) gebraucht gëtt?

 

0
0

De gell ass ofgeleet vum Verb dt. gelten/gelden an entsprécht der Verbform 3.P.Konj.Präs., bedeit also ‚gëllt et?‘. Haut gëtt d’Wuert just als Partikel gebraucht fir eng Réckfro, op déi een eng Bestätegung erwaart, am Sënn ‚ech kann dach dovun ausgoen, dass dat, wat ech lo grad gesot hunn, richteg ass‘. An där Funktioun ass d’Wuert net nëmmen am Lëtzebuergesche mee och a ville westlechen Dialekter vum Däitschen ze fannen.

D’Form muss scho relativ fréi aus dem Däitschen oder dem Muselfränkeschen an d’Lëtzebuergescht geléint gi sinn, well et jo mat [æ] – wéi bei dt. gelten – an net mat Schwa [ə] geschwat gëtt; ‚t ass domat also net vum lb. gëllen ofgeleet. Wéi d’Formen am Luxemburger Wörterbuch weisen, war fréier och nach den <t> do: gelt.

D’Zesummesetzunge mat de Personalpronomen du, dir/Dir weist, dass et eng verkierzt Fro ass, an där eng Persoun adresséiert gëtt. Nieft dem gelldu an dem gelldir existéieren (oder hunn existéiert) déi folgend Ofwandlungen:

  • t-Erweiderungen: gelldiertgell + dir + -t (ech si mer net sécher, ob dat eng Verbendung ass; ‚t ass net ausgeschloss, well et bei d’2.P.Pl. géif passen)
  • -t-en-Erweiderungen: gelldiertengell + dir + -t- + -en
  • assimiléiert Formen: gellugell + du (vgl. Bild > Biller); gedu < gell + du
  • östlech Formen: gellaugell + dau

Sourcen:

  • Rheinisches Wörterbuch (sub gelden): δ. gęlt (auch gęl, gę·l. u. gę·l.ə)? in fragendem Ausruf, Aufforderung zur Bestätigung; man erwartet eine bejahende Antw.; ursprüngl. Conj. Präs., jetzt Interj. = nicht wahr, ist es nicht so, habe ich nicht recht? Rhfrk, Mosfrk, LRip bis Dür; auch gell dau, gelle dau, gellau, gellu; gell(en) dir (ihr), gelle ihr, glihr; in höflicher Form gellen se [gədau, zu mehrern gədir(t) Verbr.; gorre Bernk-Wolzbggorau Bernk-Gonzerath; goddau u. gəddau Saarl-Berus; gestich Daun-Strohn];gell, dat duhs de doch; dau hos der wih gedohn, gelt (gell); gell, dir giht doch möt? Trier, Allg.; her doch uf, gell bischt verrickt! Kreuzn; er es gelt gestorw?Birkf
  • Deutsches Wörterbuch (sub gelt):  GELT, interjection zur verstärkung einer behauptung oder frage, eig. gelte (noch jetzt landsch., s. 2, e), d. h. conj. praes. vongelten in 3. person, für es gelte! oder auch gelte es?
    1) zur geschichte und vorgeschichte der wendung.
    a) sie ist zur zeit am frühesten im 14. jh. nachgewiesen (BechGerm. 20, 37), musz aber nach ihrem auftreten schon damals sehr alt gewesen sein
  • Luxemburger Wörterbuch (sub gelt): gelt Interj.: «gelt, nicht wahr» — g. nët (wouer) — gel(d)iert, -ten, geliert (ähnlich: nëdiertzu Personen, die man mit dir anredet)gel(d)u, gedu, gelau (phV. sub du — ähnlich nëdu) — alle Komp.: Ton 2g., wann s de gefollegt häss.
Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.