0
0

Zesumme mat Frënn hunn ech mir d’Fro gestallt, wou de Numm Kockelscheier hir kënnt. Scheier ass jo kloer, mee wat ass Kockel???

 

Villmools Merci!

 

0
0

Gudde Moien,

 

den éischten Deel vum Numm Kockelscheier huet op d’mannst zwou verschidden Erklärungen.

Déi éischt wier, et mat däitsch Gockel gläichzestellen. Dat Wuert kënnt vum mëttellaténgesche coccus, aus deem sech och dat franséischt coq entwéckelt huet (Vergläicht dozou dës zwou Säiten, DWDS an FEW). Sou ee Motiv fannt Der wuel och hannert Flouernimm wéi am Kocksang (Géisdref) erëm.

Am Fall vun der Kockelscheier ass et awer wuel een anert Motiv, an zwar dat vun de Kuelen. Dobäi kënnt dat Wuert Kock aus dem Engleschen (coke) an huet sech wuel am 19. Joerhonnert verbreet (kuckt bei Geleeënheet an den LWB an op DWDS). Flouernimm mam éischte Wuert Kock- an dëser Bedeitung kommen zimlech oft vir (Kockelbier zu Wäiswampech, Kockelbuesch zu Grooljen, Kockberreg zu Dräibur etc.).

Wann ech um Ur-Kadasterplang kucken (digital ze fannen iwwert den géoportail.lu, hei een direkte Link), gesinn ech, datt et nieft der Kockelscheier, nach ee Kockelsbusch gëtt, een Indice, datt et sech hei ëm eng Plaz fir Kueleproduktioun handelt.

 

Mat beschte Gréiss

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.