0
0

[Fro gestallt per Email]

Wie lautet der Genitiv Singular von Liewen? Liewens oder Liewes? Beispiele:

  • sech senges Liewe(n)s freeën
  • Zäit Liewe(n)s
  • liewe(n)slaang

Habe keine Ahnung, habe zu lange darüber nachgedacht und dadurch de spontanen Zugang  verloren. De Meinungen der native Speaker, die ich befragte, gehen auseinander!

0
0

Vu dass et de Genitiv jo am Lëtzebuergeschen net méi gëtt an e just nach an e puer festen Ausdréck erhalen ass (senger Meenung sinn, Enn des Mounts etc.), ass et net verwonnerlech, dass et Onsécherheete gëtt bei deene puer Genitiver, déi et iwwerhaapt nach gëtt. Am Fall vum Liewens/Liewes heescht dat, datt béid haut virkommen a béid hir Berechtegung hunn.

D’Formen ouni -n– sinn als déi méi al, méi original – wann een esou wëll – unzegesinn an den -n- ass iergendwann, méiglecherweis iwwert de Kontakt mam Däitschen, agefüügt ginn. Den LWB gesäit d’Formen ouni -n- als déi méi heefeg un, mee den neien LOD kennt just Liewens. 

D’Expressioun sech senges Liewes freeën kléngt fir mech relativ däitsch, zäitliewes a lieweslaang sinn an der Rei.

Wéi och ëmmer: Forme mat oder ouni -n- sinn akzeptabel.

 

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.