Ech froe mech, wou di Expressioun „domm Toz“ hierkënnt?
- Simone asked 8 Jahren ago
- last edited 8 Jahren ago
Dës ofwäertend Bezeechnung fir eng Fra ass Famill mat dt. Tatze. Aus der onsécherer Beweegung, déi domat verbonnen ass, ass déi iwwerdroe Bedeitung ofgeleet ginn; vgl. d‘Rheinische Wörterbuch:
Taze toːts, Pl. -tsən, eine Bildung aus Tatze u. Tāpe, Totsche WMosfrk an der Saar in Saarl-Ensd,Saarbg, Trier-Stdt, Bitb-Geichl f.:
1. Tatze. —
2. übertr. ungeschicktes, dummes, geschwätziges Weib.tazen -oː:- schw.:
1. unsicher tasten. —
2. übertr. dumm schwätzen. — Abl.: die Tozerei, dat Getoz. Verbr. wie das Subst.Taz-nickel Saarbg-Wellen m.: verächtl. gedankenloser, unbesonnener Mensch. Taz-plättel Saarbg-Weiten n.: verächtl. dumme, unbeholfene Frauensperson.
Am Lëtzebuergesche gëtt et laut LWB och déi männlech Bezeechnungen Tozert, Tozbeidel, Toznéckel, Tozfouss a Tozplättel.
- Peter Gilles answered 8 Jahren ago
Please login first to submit.