Ich treffe häufig auf Ortsbezeichnungen “ am Bréil“ oder „Brill“. Hat das was mit Nasswiese zu tun, wie ich vermute – oder Sumpfland?
- John SCHMIT asked 5 Jahren ago
- last edited 5 Jahren ago
Et handelt sech beim Brill em ee gängege Flouernumm, deen an den alen Urkonnen iwwert Lëtzebuerg schonn opkënnt. Ursprénglech bezeechent e Brill (nieft enger Uecht) eng Zort vun Terrain, an zwar genau eng Härewiss, also eng Wiss, déi dem zoustännege Landeshär gehéiert huet an déi virun allem fir d’Pastoralwirtschaft geduecht war.
Vun der Etymologie kënnt dat Wuert vun deem spéit laténgesche Broil an der Bedeitung locus depressus, humindus, pascuus, ubi herbæ abundant (Du Cange, Glossarium mediæ et infimæ Latinitatis, Bd.1 S. 755, kuckt och op S. 752 ënnert Brua). Et war also schonn am Mëttelalter eng déif geleeë Platz, déi fiicht war an op där doduerch vill Gras gewuess ass an also gutt war, fir Déieren drop ze halen.
A verschidden däitsche Géigenden deit de Brill (oder Brühl) tatsächlech op eng Sumpflandschaft hin. An den ale Rechtstexter fir Lëtzebuerg (M. Hardt, Luxemburger Weisthümer, 1870) bezeechent et awer just eng Wiss, déi duerch seng gutt Bewässerung och vill Gras opweist an doduerch gutt ass, fir Véi drop ze halen. Dono gëtt dann dat Wuert, wéi gesot, als Terminus adoptéiert, fir op déi gutt Wise vum Landeshär ze referéieren. Ähnlech heizou sinn och déi Nimm mat Pesch (vu laténgesch pascua, ‚Weid‘) oder Härewisen (LWB) oder Zärepesch (LWB).
- Sam Mersch answered 5 Jahren ago
- last edited 5 Jahren ago
- N.B. Mir hunn d’Wuert vum Laténgeschen, mee vum Ursprong ass et awer warscheinlech Gallesch an ass mam däitsche Wuer _Mark_ Famill. Deemno misst et een de Brill ursprünglech als ee speziell ofgegrenzt Landstéck interpretéieren.
Please login first to submit.