0
0

De fetten Donneschdeg ass den Donneschdeg virun Äschermëttwoch. A ville Regiounen huet deen Donneschden en aneren Numm (https://de.wikipedia.org/wiki/Schmotziger_Donnerstag):

‚Faisse Dunnschdig‘ (Héichrhäin, Grenz Schwäiz / Däitschland bei Basel)

‚Schmotziger Dunnschdig‘ (Südwestdäitschland)

‚Schmutzige Donnschtig‘ (Schwäiz)

…a bei eis ebe fetten Donneschdeg.

A verschiddene Gebidder bezitt ee sech deelweis op den Dënschdeg virun Äschermëttwoch mam sou genannten ‚Mardi Gras‘ oder ‚Fat Tuesday‘.

All d’Wierder ‚faisse‘, ’schmotzig‘, ‚gras‘ an ‚fett‘ ginn op d’Iessen zeréck. Vu dass Äschermëttwoch traditionell d’Faaschtenzäit ufänkt, ass donneschdes (respektiv dënschdes) virdrunner nach eng Kéier richteg dragehae ginn. D’Adjektiver ’schmutzig‘ oder ’schmotzig‘ bezéie sech op Schwénge- oder Botterschmalz, an deem een och d’Fueskichelcher ausgebak huet. ‚Schmotzeren‘ heescht am Schwäizerdäitschen esou vill wéi ‚am Fett brutzelen‘. Oft hunn d’Leit och nach eng Kéier geschluecht a virun der Faaschtenzäit uerdentlech Fleesch giess, well se net vill Méiglechkeeten haten, d’Fleesch iwwer 40 Deeg ze konservéieren.

Bei eis ass den ‚fetten Donneschdeg‘ also einfach mam fetten Iessen ze verbannen, dat ee virun der Faaschtenzäit giess huet.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.