0
0

WOLZ , WOOLZ , WOOLTZ bzw.  WELZER , WEELZER , WEELTZER . Wéi eng ass déi richtig Schreifweis?

0
0

Dacks ass d’Schreifweis vun den Uertsnimm eng däreg Affär, well al, historesch etabléiert Schreiwungen, net ëmmer mat den aktuelle Regele vun der Orthographie, déi jo meeschtens méi rezent sinn, ënnert een Hutt ze brénge sinn. Dat ass leider och bei <Wolz> de Fall an dowéinst kann ech just eng differenzéiert Äntwert ginn.

Är Fro huet deemno zwee Aspekter:

  1. Ass de Vokal am Numm laang [o:, e:] oder kuerz [o, ə]?
  2. Wéi soll een den Numm schreiwen?

1. D’Forme mat laangem Vokal sinn déi nërdlech, Éisleker Formen. Persoune vun do géifen hir Stad als <Wool(t)z> [vo:lts] an d’Awunner als <Weel(t)zer> [ve:ltsɐ] bezeechnen. ‚t ass souzesoen déi Eegebezeechnung. Zum Verglach: <München> ass déi iwwerregional an <Minga> déi lokal Form. Am Rescht vum Land gëtt de Vokal éischter kuerz geschwat an dowéinst <Wolz> resp. <Wëlzer> geschriwwen. Dës lescht Schreifweise géif ech als déi offiziell an iwwerregional ugesinn, wéi se z.B. op enger Landkaart vum ganze Land kënnte stoen.

2. Net ganz sou einfach ass ze beäntwerten, wéi een den Numm soll richteg schreiwen. Wann een déi offiziell Schreifregele vun 1975/1999 applizéiert, da muss den Numm <Wolz/Wëlzer> (iwwerregional) oder <Woolz/Weelzer> (lokal, regional am Norden) geschriwwe ginn. Allerdéngs huet sech am Laf vun der Zäit zu Wolz an am Norden nieft der eegener Aussprooch och eng eege Schreifweis entwéckelt, déi och heefeg virkënnt an dat ass <Wooltz>/<Weeltz>. Dobäi ass den <t> orthographesch gesinn iwwerflësseg (vergläicht d’Regel hei). Déi Forme mat <t> hu sech etabléiert an ech géif se dowéinst och net als ‚falsch‘ ugesinn (Fotoclub Wooltz, Zeitung fir Wooltz an d’Regioun, Jugendhaus Wooltz). Si representéieren eben déi regionaltypesch Manéier, och wa se net ganz der Orthographie entspriechen.

Am Resultat ass et also sou, dass mer fir deen Uertschaftsnumm verschidden Optiounen hunn:

iwwerregional, orthographesch korrekt <Wolz>/<Wëltzer>
regional, orthographesch korrekt <Woolz>/<Weelzer>
regional, historesch etabléiert Schreifweis <Wooltz>/<Weeltzer>

Eng Lëscht mat de Lëtzebuerger Uertschaftsnimm fënnt een hei.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.