Mir hunn eis haut gefrot wéi dat lëtzebuerger Wuert fir Knochen/os/bone entstan ass, wou dat hier kënnt, well mer a kenger Sprooch eppes Ähnleches fonnt hunn. Wësst dir do méi?
- Claude Schmit asked 5 Jahren ago
- last edited 5 Jahren ago
Gudde Moien,
D’Etymologie vum Wuert Schank ass eng schéi germanesch an ass och an d’Indogermanescht weider nozevollzéien.
Dobäi ass d’Wuert mat dem Houdäitschen Schinken, mee och Schenkel an hinken verbonnen. Dës houdäitsch Formen, genausou wéi dat lëtzebuergescht Schank, si Formen, déi op eng indogermanesch Wuerzel (s)keng- ’schlamm goen‘ zréckgeféiert ginn. Datt een d’Semantik vun dëser Wuerzel sou usetzt, hänkt domadden zesummen, datt et am veedesche Sanskrit (enger vun deene méi eeleren indogermanesche Sproochen) och sou beluecht ass. Prinzipiell bezeechent et awer eng Aktioun mam Been, déi net een einfacht Goen ass.
Eist Wuert Schank huet awer eng aner bannegermanesch Bildung wéi dat houdäitscht Schinken, an ass vergläichbar mam englesche shank ‚Schank‘, awer och mam hollännesche schonk ‚id.‘ a mam alfrisesche skunka, sconck ‚id.‘ (neifrisesch skonk a schunk). Dat Wuert fënnt een an där Form wéi bei eis, also an enger Ofleedung vun der Verbalwuerzel ouni i-Ofleedung (a subsequenten Ëmlaut) awer och am Flamänneschen (schank), Plattdäitschen (schanke) an an de (germanesch-)skandinavesche Sproochen, woubäi hei d’Wuert awer warscheinlech geléint ass (vläicht aus dem Friseschen oder Plattdäitschen).
Et ass also e Wuert mat enger klorer germanescher Etymologie, woubäi d’Lëtzebuergescht hei, wéi och a villen anere Fäll, relativ archaesch ass.
(Hei nach en informativen Link zum Oxford Dictionary, wann hei och d’Informatioune relativ kondenséiert sinn. Zougang iwwert de proxy server vun der BNL.)
Mat beschte Gréiss,
Sam Mersch
- Sam Mersch answered 5 Jahren ago
- last edited 5 Jahren ago
Please login first to submit.