D’Expressioun Raute wénken ass scho laang fir d’Lëtzebuergescht beluecht:
- LLU: Raute’ wenken
- WLM: Raute wenken, abstehen, sich feige zurückziehen
- LWB: Ra.: Raute wénken (nicht mehr mitmachen — dafür auch: Relles gin, Waasser zéien usw. — s. d.).
An der Bedeitung ‘sech zeréckzéien’, ‘sech aus eppes eraushalen’ ass d’Expressioun och haut nach am Gebrauch. D’Originne vun esou genannten ‘Phraseologismen’ sinn net ëmmer einfach ze bestëmmen, well se am mëndleche Gebrauch quasi onbewosst kreéiert an iwwerdroe ginn. Et muss een also virsiichteg sinn, wann een no der Bedeitung oder den Originne vun den eenzelne Bestanddeeler sicht.
An dësem Fall ass et méiglecherweis esou, dass Raut am Sënn vun ‘Fënster(scheif)’ ze gesinn ass. D’Wuert Raut war fréier an där Bedeitung méi geleefeg wéi haut d’Scheif. Domat kéint also ausgedréckt sinn, dass eng Persoun hannert enger Fënsterscheif steet an Äddi wénkt, fir ze soen ‘Ech hale mech do eraus!’. An an där Bedeitung huet sech d’Expressioun an der Sprooch ausgebreet a verfestegt, och wann d’Raut haut esou net méi am Gebrauch ass, huet sech d’Bedeitung gehalen.
E schéint Beispill fënnt sech am Rénert:
Wann aner Raute wénkten, / stoung de Renert fest
Och an eisem Korpus vun der haiteger Sprooch begéint een der Expressioun:
- zu Lëtzebuerg wénkt de Stat net Rauten, wann et ëm d’Zukunft geet. (Interview)
- Och war d’Firma XXX op der Sich no neien Investisseuren, mä 3 auslännesch Interessenten hate Raute gewonk (RTL)
- Iwwerhaapt, ech wetten hien huet geduecht, du géifs Raute wénken. (Harry Potter)
- Peter Gilles answered 9 Jahren ago
- last edited 9 Jahren ago
- Moien, kinnt et sinn, datt den Ausdrock aus engem Kaartespill hierkënnt, wou bekanntlech eng vun de ‚Faarwen‘ d’Raute sinn? Ech si kee Kaartespillert, ma vläit kennt jo een e Spill, wou een, wann ee just nach Rauten huet, aus dem Spill eraus ass, deemno, wann ee „Raute wénkt“, d’Partie fir een eriwwer ass? Wéi gesot, just eng Hypothes,..
- Dat kënnt effektiv och eng Pist fir d’Erklärung sinn, am Sënn vun ‚ofwénken/net méi matspillen‘. Do misst een d’Kaartespiller befroen. Am LWB ass allerdéngs dozou näischt ernimmt: Rauten (Nösl.: Rockten, Mittelösl.: Rackten) F.: «Eckstein, Karo» — R. as Tromp — ech hu R. Tromp gemaacht — ech hun nach eng R. — dazu: Raute(n)- -äss, -bauer, -damm, -kinnek, -marriaasch (König und Dame), -naang (neun), -zaang usw.
Please login first to submit.