- Ech géif gär wëssen, ob d’Fuerscher vun dëser Plattform erkläre kënnen, firwat et bei dem Gebrauch vum onperséinleche Pronomen „een“ och d’Pseudosubjekt „et“ braucht, wéi an dem folgende Beispill:Et däerf een zu Lëtzebuerg net an de Caféë fëmmen.
Eppes Vergläichbares, esou eng parenthetesch Konstruktioun gëtt et menges Wëssens am Däitsche jiddefalls net. Gëtt et an anere Sprooche oder an Dialekter analog Fäll vu Subjektpronomen, déi sech virun an hannert d’Verb „verdeelen“?
2. De Gebrauch vum selweschte Pseudosubjekt „et“ taucht och an Existenzaussoen op.
(a) Et gëtt / (b) Et gi keng Pinguinen um Nordpol.
Am Géigesaz zu 1. stellt sech mir hei net d’Fro, firwat den „et“ do steet, mee vu wou et kënnt, datt d’Verb net a Kongruenz mam „et“ konjugéiert gëtt.
Och hei ass eng Ofwäichung vum Däitsche festzestellen. Während een am Däitsche just „es gibt“ soe kann (dat selwescht gëlt och fir d’Franséischt il y a a fir d’Spuenescht hay), schéngt et am Lëtzebuergeschen esou ze sinn, datt den „et“ net als grammatikalescht Subjekt vum Verb fungéiert. Dat beweist jiddefalls de Fall (b), wou dat grammatikalescht Subjekt just de Plural „keng Pinguinen“ ka sinn (net awer den „et“) – a wërft d’Fro op, ob de Fall (a) net och esou analyséiert muss ginn.
Wëssen d’Sproochhistoriker, wat d’Origine vun dësen zwou Particularitéiten 1. an 2. ass?
- Ashwin Jean Schumann asked 5 Jahren ago
- last edited 5 Jahren ago
Please login first to submit.