0
1

Merci fir Är Fro, déi iwwregens och vum Armand Thelen gestallt gouf.

Mir hunn all an der leschter Zäit Neijoerschwënsch verdeelt oder kritt.
Meeschtens soe mer „Vill Gléck am neie Joer.“
Effektiv fënnt sech awer nach déi laang, humoristesch Versioun:

Vill Gléck am neie Joer
an eng Paréck mat Geessenhoer
a siwe Lais op engem Hoer. / an dausend Lais op engem Hoer.

Dee Sproch gëtt haut nach benotzt, et ass awer schwéier, eppes iwwert déi genee Bedeitung erauszefannen.

Zwou Saache kann een awer festhalen:

1) Parécke waren am 18. an 19. Joerhonnert e Prestigesymbol. Dobäi gouf et net just Parécken aus Mënschenhoer, mee oft hunn d’Leit der aus Päerds- oder Geessenhoer ugehat.
Dëst kéint am Kontext vun eisem Gléckwonsch bedeiten, dass een där Persoun einfach vill Erfolleg am neie Joer wënscht (am Kontext vu sozialem Status a Prestige). Awer dëst ass just eng Hypothees, déi ech aus der Kulturfuerschung ofgeleet hunn.
De Sproch mat de Lais kéint do einfach e klengt Aenzwinkere sinn, nom Genre: Vill Gléck am neie Joer a vill Erfolleg, awer net zevill. Mee och dat si just virleefeg Iwwerleeungen ouni direkten Hannergrond.

2) De Sproch baséiert op alle Fall op engem Versmuster mat Endreim. Vläicht goufe gelunge Wierder agesat, fir de Reim ze erhalen.

Wie méi iwwert dëse Sproch weess, ka gären hei um Infodesk matdiskutéieren!

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.