Réckbléck: De Colloque interne vum 17.11.2015 „Die Durchsetzung des Französischen als Zweitsprache in Luxemburg“

Haut huet de Fernand Fehlen iwwer d’Entstehung an Entwécklung vun der Dräisproochegkeet zu Lëtzebuerg geschwat. Den éischte wichtegen Aspekt huet sech schonn am Titel fonnt: D’Wuert ‚Durchsetzung‘ ass eng Iwwersetzung aus dem Franséischen ‚imposition‘, wat net direkt dat selwecht ass. Effektiv handelt et sech bei der Aféierung vum Franséischen als Zweetsprooch (niewent dem Däitschen) an…

Réckbléck: De Colloque interne vum 10.11.2015 „MaryLux: Erste Sprachsynthese des Luxemburgischen“

Am Virtrag vum Jürgen Trouvain (Universität des Saarlandes) an dem Peter Gilles (Université du Luxembourg) gouf déi éischt Sproochesynthees vum Lëtzebuergeschen virgestallt. Op der Website http://diax.coli.uni-saarland.de:8080/ kann ee selwer ausprobéieren: et kann ee Sätz antippen a sech déi virliese loossen. D’Stëmm vum MaryLux ass keng Computerstëmm: si baséiert op vum Judith Manzoni ageschwaten Texter. Eng…

Réckbléck: De Colloque interne vum 03.11.2015 „Etude sur la production des voyelles du luxembourgeois par des locuteurs natifs et non natifs dans la parole lue“

A sengem Virtrag huet d’Tina Thill iwwert d’Vokalsystemer vum Lëtzebuergeschen a Franséische geschwat an dës kontrastéiert. Dorop opbauend huet et a sengem Experiment franséisch Spriecher lëtzebuergesch Wierder liese gedoen, woubäi si déi éischte Kéier nëmmen den Text presentéiert kruten an eng zweete Kéier virdun héieren hunn, wéi e Mammesproochler dat entspriechend Wuert oder de Saz…

Rédactrice, Redakterin oder Redaktesch? – Wéi seet een dann elo?

Dëst ass eng Fro, déi vill Leit schonn e bësse méi laang beschäftegt – an net nëmmen déi Leit, déi Lëtzebuergesch als Friemsprooch léieren. De Ministère fir Chancëgläichheet huet sech mat dëser Fro auserneegesat an 2005 déi drëtt Oplo vun engem Bichelche mam Titel „Beruffer, Titelen a Funktiounen – weiblech – männlech“ erausbruecht, an deem…