Haut huet de Fernand Fehlen iwwer d’Entstehung an Entwécklung vun der Dräisproochegkeet zu Lëtzebuerg geschwat. Den éischte wichtegen Aspekt huet sech schonn am Titel fonnt: D’Wuert ‚Durchsetzung‘ ass eng Iwwersetzung aus dem Franséischen ‚imposition‘, wat net direkt dat selwecht ass. Effektiv handelt et sech bei der Aféierung vum Franséischen als Zweetsprooch (niewent dem Däitschen) an der Schoul (éischt Schoulgesetz 1843) och net ëm eng wierklech Duerchsetzung vun der franséischer Sprooch, mee éischter ëm eng Operleeung. Eréischt mat der Reform vum ernimmte Gesetz (1881) gouf d’Zweesproochegkeet lues a lues akzeptéiert. Et huet da bis an d’20. Joerhonnert gedauert, bis d’Bewosstsinn vun enger drëtter Sprooch ─ dem Lëtzebuergeschen ─ entstanen ass: de René Engelmann geet dovun aus, dass dëst nëmme méiglech war, well eng Zweesproochegkeet existéiert hat a sech d’Lëtzebuergescht konnt laanscht d’Däitscht entwéckelen.
(Text vum Maike Edelhoff a Judith Manzoni, Fotoe vum Caroline Döhmer)
Nächsten Dënschdeg (24.11.2015): Eis Porte ouverte am Casino.
Déi Woch drop (01.12.2015) geet et da viru mam Virtrag „Partitiv am Lëtzebuergeschen oder wisou mer däers ni genuch kréien“ vum Caroline Döhmer.