D’Variante vu „Gaart“

14. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Fir déi 14. Dier am Kalenner hu mir d’Aussprooch vum Begrëff Gaart analyséiert, wat eis eng opfalend regional Verdeelung geliwwert huet. Ass am Groussdeel vum Land d’Haaptvariant Gaart präsent, fält nërdlech vum Zentrum nach Gäert an d’Gewiicht an am Éislek d’Variant Goort, allerdéngs zimlech sporadesch. Méi konsequent dogéint ass de Minett…

Huet hien „gewonn“ oder „gewonnen“?

13. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Hannert dëser Dierche verstoppt sech d’Variatioun vum Partizip Perfekt vu gewannen. Wéi ee schonn am Kéisdiagramm erkenne kann, sinn d’Varianten, déi hei eng Roll spillen, gewonn a gewonnen, woubäi d’Variant mat -en mat knapp 63% däitlech méi dacks virkënnt, wéi déi ouni.   Wat seet eis d’Opschlësselung vun der Variatioun no…