🔗Link: https://csanno.selfhost.co
[Dësen Annotatiounsprojet kann ee just op engem PC oder Mac maachen! (Smartphones an Tablets gi leider net)]
🇱🇺 Lëtzebuerg ass bekannt fir seng räich méisproocheg a multikulturell Gesellschaft, wou et ganz normal ass, an engem Gespréich tëscht verschiddene Sproochen hin- an hirzewiesselen – e Phänomen, wat als „Code-Switching“ – also Sproochewiessel bezeechent gëtt. Mee wéi huele Leit dëst Phänomen eigentlech am schrëftleche Lëtzebuergesche wouer? Genee dat ënnersichen ech a menger Fuerschung!
Mäin Numm ass Jacques Spedener, an ech sinn Doktorand op der Universitéit Lëtzebuerg. Ech maachen de Moment eng Online-Etüd, fir besser ze verstoen, wéi lëtzebuergesch Spriecher a Spriecherinnen de Sproochewiessel empfannen – besonnesch wa Franséisch, Däitsch, Englesch oder aner Sproochen am schrëftleche Lëtzebuergesche virkommen.
📌 Wie ka matmaachen?
All Persoun, déi Lëtzebuergesch schwätzt – egal wéi al a mat wéi engem Hannergrond – ass häerzlech wëllkomm!
📌 Firwat matmaachen?
Är Participatioun hëlleft mir, méi iwwer d’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg erauszefannen. Ausserdeem kënnt Dir ee vun zwee Amazon.de-Bongen am Wäert vu 50 € gewannen! 🎁
📌 Wat kënnt op Iech duer?
D’Participatioun ass ganz einfach an ass an dräi Aufgaben opgedeelt:
- Aufgab 1: Beäntwert e puer Froen iwwer Iech selwer (ongeféier 2 Minutten).
- Aufgab 2: Entscheet, ob déi markéiert Wierder fir Iech Lëtzebuergesch sinn oder net (ongeféier 10 Minutten).
- Aufgab 3: Ënnersträicht a kuerzen Texter déi Wierder oder Ausdréck, déi Ärer Meenung no Franséisch, Däitsch, Englesch oder aus enger anerer Sprooch sinn (max. 80 Minutten – mee Dir musst net all d’Texter annotéieren, maacht einfach esou vill wéi Dir Loscht hutt!).
Wat Dir méi Texter annotéiert, wat Är Chancë méi grouss sinn, e 50-Euro-Bong ze gewannen, an ëmsou méi hëlleft Dir och menger Fuerschung! 🎁
📌 Extra Méiglechkeet:
Wann Dir wëllt, kënnt Dir Iech um Enn vun der Annotatioun och fir en informellen Interview aschreiwen, fir Är perséinlech Meenungen zum Code-Switching am Lëtzebuergeschen nach e bëssi méi genee ze diskutéieren.
🔗 Intresséiert?
Fir matzemaachen, gitt einfach op dëse Link:
https://csanno.selfhost.co
(Wichteg: D’Annotatioun geet aus technesche Grënn just um Computer oder Laptop, well Der eng Maus oder en Trackpad braucht fir ze markéieren.)
Dir däerft dëse Post och gären un Är Frënn, Famill oder aner interesséiert Leit weiderleeden. Är Participatioun hëlleft immens dobäi, de Gebrauch vu Sproochen an eiser villsäiteger Gesellschaft besser ze verstoen.
📧 Froen oder Problemer?
Kontaktéiert mech gär zu all Moment per E-Mail: Jacques.spedener@uni.lu
Merci am Viraus fir Är Ënnerstëtzung – ech freeë mech iwwer all Bäitrag!
Fir ze deelen: