Klenge Kaddo fir Nationalfeierdag.

Fir eise Sproocherkennungssystem LuxASR gëtt et lo och Smartphone-Apps fir iOS a fir Android. Wärend de Webinterface vu LuxASR eng Rëtsch vu weidere Funktiounen huet, ass d’LuxASR-App éischter dofir geduecht, séier an ouni vill Geklicks en Audio an den Text ëmzewandelen. Egal ob dir ënnerwee séier eng Notiz diktéieren, en Interview oder e Video transkribéieren oder eng Sproochnoriicht an Textform brénge wëllt – LuxASR hëlleft Iech.

Funktiounen

🎙️ Direkt Opnam mam Mikrofon
📤 Eropluede vun engem Audio-Fichier (oder Video – an deem Fall gëtt den Audio extrahéiert)
🔄 Deelen: En Audio kann direkt aus enger anerer App (z.B. WhatsApp) mat LuxASR gedeelt ginn
✍️ Viru schécken: Den transkribéierten Text ka mat engem Klick an aner Apps wéi E-Mail, WhatsApp oder Notizen transferéiert ginn.
🔒 Dateschutz: All Opname gi sécher verschafft op engem Server zu Lëtzebuerg, ginn net gespäichert an net viru ginn.

D’App ka gratis um Apple App Store oder Google Play Store erofgeluede ginn.

Download on the App Store