Moien alleguer,
mir wëllen Iech just drop opmierksam maachen, dass de Virtrag vum Christine Schmit op den 8.12.2025 verréckelt gouf! Den aktualiséierte PDF fannt Der hei: 2025 Hierscht Colloque-Luxemburgistik-Programm
An nach eng Neiegkeet fir de Colloque am Fréijoer 2026: Mir maachen aus dem Feierowend-Colloque e Lunchtime-Colloque! Vun 2026 un treffe mer eis méindes vun 12:00-13:00, fir iwwer Theeme ronderëm d’Luxemburgistik ze schwätzen (wéi gewinnt hybrid um Campus Belval an iwwer Webex).
Dir wëllt och eppes virstellen aus Ärer wëssenschaftlecher Aarbecht oder vun Ärer Aarbecht „um Terrain“? Dann drot Iech einfach iwwer dëse Formulaire an oder schreift mer eng E-Mail!
Iech all e gudde Start an déi nei Woch
Caroline








