Vu wou kënnt den „tz“ am Wuert „Lëtzebuerg“ an sengen Derivéen, wou et an aneren (op d’mannst an deene mir bekannte Sproochen) en „x“ oder „ss“ huet? Ass et sou, dass et just op Lëtzebuergesch selwer deen „tz“ huet, oder fënnt een deen och nach an anere Sproochen?
Ech mengen, scho mol eppes driwwer gelies ze hunn, ka mech awer net méi erënneren. Vläicht vun der Aussprooch vum „c“ am „Lucilinburhuc“? Da misst ee jo am Fong froen, vu wou den „x“ kënnt…
Villmools Merci am Viraus,
Jackie Messerich
- Jackie Messerich asked 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
Dat ass natierlech eng ganz gutt Fro, awer se misst am Fong ëmgedréit gestallt ginn, nämlech: Vu wou kënnt den <x> a Luxemb(o)urg?
D’Äntwert gëss de am Fong scho selwer: Am Numm Lucilinburhuc representéiert den <c> eng Affrikat [ts] an do ass partiell eis haiteg Aussprooch schonn ze erkennen. De Bestanddeel lucilin huet d’Bedeitung ‚kleng‘ an ass datselwecht Wuert wéi englesch little oder nidderdäitsch lütt; gemengt war also einfach déi ‚kleng Buerg‘.
Den [t] an der germanescher Wuerzel *lütt ass duerch déi sou genannten 2. Lautverschiebung an eng Affrikat [ts] transforméiert ginn (vgl. lat. planta > lb. Planz). Aus där Form huet sech eis Aussprooch [‚lətsəbuəɕ] entwéckelt.
Méi spéit hu sech dann an däitschen Dokumenter d’Nimm Lützelburg, Lütze(n)burg an Lützemburg entwéckelt, déi bis ugangs vum 19. Jh. och ganz geleefeg waren. Interessanterweis ass no der Staatsgrënnung déi franséisch Form Luxembourg och an dat Däitscht iwwerholl ginn an d’Bezeechnunge Lützelburg etc., déi jo eigenlech déi historesch korrekt wieren, sinn ausgestuerwen.
Iwwert den <x> an Luxembu(o)rg huet de Cristian Kollmann 2011 e schéinen Aufsatz geschriwwen, an deem nogewise gëtt, dass d’Form mat <x> als eng Zort Schreiffeeler entstanen ass. An zwar huet e flammännesche Schreiwer am spéide Mëttelalter eng Form héieren, wou d’Aussprooch mat [s] war (also ongeféier [‚lusəmbuʀɕ]), a se dann iertemlecherweis mat <x> geschriwwen (parallel dozou och d’Form Bruxelles, dat an der Belsch entweder als [bʀysəl] oder [bʀyksəl] ausgeschwat ka ginn). Vun do un ass am Franséischen den Numm vum Land ëmmer mat <x> geschriwwe ginn an huet sech an där Form och a weider Sproochen ausgebreet.
(Kollmann, Cristian (2011): Woher kommt das x in Luxemburg?, in: Beiträge zur Namenforschung, 46,2, 2011, S. 165–209.).
- Peter Gilles answered 10 Jahren ago
Please login first to submit.

