„Dat ka mer jo eng komisch Dokteraarbicht ginn.“ Reaktiounen op d’Sich no Fräiwëlleger fir eng Dokteraarbecht zur Lëtzebuerger Sprooch

(Dësen Text gouf mam selwechten Titel d’éischt publizéiert an der Zäitschrëft FORUM, Nr. 328, Abrëll 2013; do feelen allerdéngs d’Foussnotten, déi an där heite Versioun drastinn.) Am Kader vu menger Dokteraarbecht zu Aussproochvarianten am Lëtzebuergeschen un der Uni Lëtzebuerg hunn ech am Hierscht 2012 een Opruff an der Press gemaach fir Fräiwëlleger ze fannen. Iwwerrascht huet…

Ganzen Artikel

‚Den/Das Genus‘: Genusënnerscheeder tëscht dem Lëtzebuergeschen an dem Däitschen

“*D’Béier sprengt d’Budget fir dëst Buffet”/“*Der Bier sprengt den Budget für diesen Buffet”.

Amaru Flores Flores, François Conrad – Universitéit Lëtzebuerg

 

Der Bier? D’Buffet?

Et géif ee wuel grouss Ouere maachen, wann een en Däitsche géing vun „der Bier“, „der System“ oder „der Highlight“ schwätzen héieren. Emgedréint dierft eng däitsch Persoun, déi Lëtzebuergesch léiert, net schlecht staunen, wann si bäibruecht kritt, et wier “de Pabeier”, “den Ticket”, “den Dossier” oder “de Parfum”. Strukturell sinn sech d‘Lëtzebuergescht an dat Däitscht – aus der laangjäreger gemeinsamer sproochlecher Vergaangenheet eraus – a viller Hinsicht och haut nach immens no (vgl. François Conrad: „Luxemburgisch: Eine strukturell-linguistische Annäherung“ am Forum 314, S. 49-51). Den Amaru Flores Flores an de François Conrad, Doktoranten an der lëtzebuergescher Linguistik un der Uni Lëtzebuerg, sinn an engem Virtrag am „Colloque vum Labo fir Lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft“ den 18. Dezember 2012 allerdéngs den Ennerscheeder tëscht deenen zwou Sproochen, an zwar am Beräich vum Genus, nogaangen. De Genus oder d’Geschlecht vun de Substantiver (männlech, sächlech, weiblech) gehéiert fest zu den Déngwierder dozou a gëtt an der Mammesprooch automatesch matgeléiert.

Ganzen Artikel

Sprachwissenschaftliche Tagung für Promotionsstudierende (STaPs): 30.-31. Mäerz, Universitéit Lëtzebuerg

D’DoktorantInne vun der Linguistik vun der Universitéit Lëtzebuerg invitéieren op déi éischt „Sprachwissenschaftliche Tagung für Promotionsstudierende (STaPs)“. Dës Tagung, organiséiert ënnert der Schirmherrschaft vum Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises,  soll DoktorantInne vun der Sproochwëssenschaft eng Plattform bidden, fir sech auszetauschen an aktuell Froen a Probleemer ze bespriechen, déi am Laf vun der Promotioun opdauchen.…

Ganzen Artikel