D’DoktorantInne vun der Linguistik vun der Universitéit Lëtzebuerg invitéieren op déi éischt „Sprachwissenschaftliche Tagung für Promotionsstudierende (STaPs)“. Dës Tagung, organiséiert ënnert der Schirmherrschaft vum Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises, soll DoktorantInne vun der Sproochwëssenschaft eng Plattform bidden, fir sech auszetauschen an aktuell Froen a Probleemer ze bespriechen, déi am Laf vun der Promotioun opdauchen. Donieft fanne methodologesch Workshoppe statt. D’Tagung ass oppe fir all linguistesche Fachberäich. D’Haaptsprooch wäert däitsch sinn, och englesch Beiträg sinn allerdéngs wëllkomm. Weider Informatioune fannt Dir op www.staps.stuts.eu Flyer STaPs