:-) Kommunikatioun mat Gesiichter an Häerzer?

Ee Smiley oder – terminologesch richteg – en Emoticon ass e graphescht Symbol, dat oft an SMS an a Computermessagë vu Jugendlechen ze fannen ass. Mee wat genau versteet een ënnert engem Emoticon an zu wéi engen Zwecker gëtt e genotzt? Dës ikonesch Representatioune vu Gesiichter oder och Häerzer ginn zesummegefaasst ënnert dem Sammelbegrëff Emoticon…

Ganzen Artikel

Wat ass Jugendsprooch? Eischt Iwwerleeungen zu enger Serie vu Commentairen

Allgemeng sinn hautdesdaags d’Sproochfäerdegkeete vun de Jugendlechen ëmmer erëm den Inhalt vu kontroversen Diskussiounen. Heibäi wëll ech awer net iwwert déi schoulesch Kompetenze vun de Jugendlechen diskutéieren, mee vill méi op d’Alldagsformen hiweisen; wéi si ënnertenee schwätzen. Dozou muss een direkt soen, datt „Jugendsprooch“ esou per se net existéiert. Jugendsprooch ass am Fong e Label, dee vu bausse…

Ganzen Artikel