Déi rezent Verfilmung vun dem Homeer senger Odyssee vum Christopher Nolan huet jo eng breet Diskussioun iwwert Authentizitéit, Texttrei a generell Verfilmbarkeet vu mythologescher Matière lassgetrëppelt. Den Text, dee säit méi wéi 2500 Joer duerch d’Kulturgeschicht schwieft, ass a vill Sproochen iwwersat ginn, nieft Schwäizerdäitsch (Albert Meyer) a Kölsch (Walter Stehling) och an d’Lëtzebuergescht, an zwar vum Griichesch-Professer Henri Muller (1912-2011), deen all Gesäng von 1995 bis 2007 a lëtzebuergeschen Hexameeteren iwwersat huet.
Datt och am Lëtzebuergeschen eng Iwwersetzung méiglech ass, déi agreabel ze liesen an iwwerdeems wuert- a billerräich ass, gesäit een ë.a. an dësem Extrait aus der Episod ‚Odysseus beim Polypheem‘ (9. Gesank, vv. 362-390):
[…]. Mee wéi de wäin dem Zyklop an de kapp war geklommen,
© The Trustees of the British Museum. Shared under a Creative Commons Attribution-NonCommercial-ShareAlike 4.0 International (CC BY-NC-SA 4.0) licence.
Hun ech em frëndlech geschwat a geschmeechelt a sot em dat heitent:
Léiwen Zyklop, wells de frees wei ech heeschen, do son ech der lo mäin
Numm wéi en as, mee gef du, wéi versprach, mer e kaddo als wëlkëmm.
„Nëmmesch, sou heeschen ech. „Nëmmesch”, sou ruffe mäi papp a meng mamm mech.
„Nëmmesch“, sou nenne mech d’frënn alleguerten an och d’komeroden.“
Da’s wat ech sot. An direkt krut ech flappeg dat heitent geäntwert:
“Iesse sall ech dech, Nëmmesch, als leschte vun dëse besicher.
All deng begleeder déi komme fir t éischt drun. Dat kris de als kaddo.”
Käum dat gesot, foul en hannerzeg ëm a blouf leien der längt no,
Diebelt seng akaul, déi speckeg, als vollert vum schlof iwerdubbert.
Äus senger strass koum mat fatze vu mënsche-fleesch wäin op-gestuckelt.
Voll wor e gi vun diem villeschem wäin, an en huet misse katzen.
Héich wor de koup vun den äschen, äus diem ech de poul hu gehuewen,
Datt e géif gliddeg. De frënn hu gefléift ech courage sech ze huelen
All mat eneen an äus angscht nët elo wou et gëlt, sech ze zéien.
Mee esoubal wéi de stronk äus oliven-holz u-fong ze brennen,
Gring wéi e wor, a geféierlech gliddeg an hell well geliicht huet,
Du bréngen ech en erbäi äus dem feier, an d’frënn ronderëm mech.
‚T hat wuel e mächtegen dämon courage es gehäucht an eis häerzer.
Si hun de poul äus oliven-holz séier gepaakt, die gespëtzt wor,
An e gepickt a säin a, iwerdiems ech vun uewe gestouss hun
An och gedréint. […]
Wie méi iwwert d’Iwwersetzung vum Henri Muller wéilt gewuer ginn, dee fënnt méi Detailer an de Slides vu mengem Virtrag, deen ech virun e puer Méint am CNL gehalen hunn.







