Mir starten haut mat engem neie partizipative Projet am Kader vum wëssenschaftlechen Opschaffe vun den historesche Sourcë vum Lëtzebuergeschen. Dobäi geet et ëm d’Froebéi, déi den ungaresche Sproochfuerscher Richard Huss an de Joren 1924/1925 an ca. 250 Uertschaften am Grand-Duché ausfëlle gelooss huet. 44 däitsch Sätz sollte vun der Informantin/vum Informant aus enger Lëtzebuerger Uertschaft méiglech lautgetrei notéiert ginn. Den Hannergrond war, domat en Iwwerbléck iwwer d’Dialektvariatioun am Land ze kréien a méi spéit e Sproochatlas ze entwéckelen – dozou ass et allerdéngs ni komm. Zwar huet den Huss eng Rei Analyse vum Material gemaach an deelweis goufen och Informatiounen an dem Robert Bruch sengem ‚Luxemburgischer Sprachatlas‘ iwwerholl, mee u sech ass dëse Sprooch-Schatz bis haut nach net systematesch ausgewäert ginn.
D’Froebéi ware fir eng laang Zäit verluer, ier de Jean-Claude Muller se am Joer 2008 an engem Archiv a Siebenbürgen per Zoufall rëm entdeckt huet. An eisem Institut si professionell Scans vun dëse Béi gemaach ginn a säit kuerzem sinn d’Béi och iwwert de LinguRep fräi zougänglech. Et handelt sech am Ganzen um 252 Froebéi mat jeeweils 44 Sätz, d.h. de ganze Korpus setzt sech aus iwwer 10.000 Sätz zesummen a si sollen elo mat Hëllef vun der interesséierter Ëffentlechkeet transliteréiert ginn, fir se an der digitaler Versioun systematesch auswäerten ze kënnen.
Wéi kann ech matmaachen?
A Kooperatioun mam Forschungsinstitut Deutscher Sprachatlas vun der Universitéit Marburg sinn dës Béi vun elo un an der sou genannter ‚Wenkerbogen-App‘ accessibel a jidderee kann d’Béi transliteréieren. Dofir ginn also déi – net ëmmer ganz lieserlech – handschrëftlech Sätz transliteréiert, d.h. exakt ofgetippt. An der Wenkerbogen-App ass genee erkläert, wéi een d’Transliteratioune mécht. Vu datt an dëser App zegdausend Froebéi aus anere Länner a Regiounen opgeholl sinn, muss e fir d’éischt iwwert d’Kaart d’Gebitt op Lëtzebuerg aschränken. Et gesäit een dann d’Béi an der Lëscht an et kann een ee fir d’Transliteratioun auswielen. Alternativ kann een och iwwert d’Sich no engem Uertsnumm e Froebou geziilt fannen. Béi mat engem grénge Symbol si schonn transliteréiert, déi mat engem orangë Symbol nach net. D’Froebéi vum Huss-Corpus erkennt een un der réimescher Ziffer am Ufank vun der Bogennummer (z.B. IV_02_Ahn_251) – wgl. just déi Béi transliteréieren!

Op dëser Säit ass méi am Detail erkläert, wéi een d’Transliteratiounen an der Wenkerbogen-App mécht.
Wichteg ass, dass d’Sätz exakt mat all Diakritika a Sonderzeechen notéiert ginn. Z.B. fir de Satz 1 ‚Im Winter fliegen die trocknen Blätter in der Luft herum‘ fir Uertschaft Schëtter:

am vāntər fleiən di dreχə bliedər durχ d’lūt.
Um Site ass och erkläert, wéi een déi eenzel Symboler erantippt.
Eng perséinlech Umeldung fir de Site ass net virgesinn, mee wann d’Cookies am Browser akzeptéiert ginn, da gëtt eng Session initiéiert an Dir kënnt déi nächste Kéier do weiderfueren, wou Dir opgehalen hutt. D’Partizipatioun ass grondsätzlech anonym. Iwwert d’Ikon lénks vu ‚Anmelden‘ kënnt Dir weider Astellunge maachen. Fir datt mir d’Resultater vun dësem Citizen Science-Projet besser gruppéieren ze kënnen, drot wgl. bei ‚Transliterations-Projekt‘ an: ‚Huss-Transkriptioun‘.

Iwwert d’Ikone fir Facebook an Instagram kënnt Dir de Link op d’Wenkerbogen-App u Kolleegen a Frënn weiderleeden.
Mir géifen eis freeën, wa méiglechst vill Lëtzebuerger matmaache géifen, fir dëse Sprooch-Schatz accessibel ze maachen! Merci!
Bei weidere Froen a Remarken zu dësem Projet, kéint Dir mech gär kontaktéieren. Wann den Interessi generell grouss genuch ass, u sou engem Projet zesummen ze schaffen, da kéint ech och e Workshop um Campus Belval organiséieren.
Zitéiert Literatur
{56201:XMQQJMT5};{56201:MKTWCAW4}
chicago-fullnote-bibliography
default
0
11105
194723
{56201:MKTWCAW4},{56201:XMQQJMT5}
1
chicago-fullnote-bibliography
50
default
11105
https://infolux.uni.lu/wp-content/plugins/zotpress/
%7B%22status%22%3A%22success%22%2C%22updateneeded%22%3Afalse%2C%22instance%22%3Afalse%2C%22meta%22%3A%7B%22request_last%22%3A0%2C%22request_next%22%3A0%2C%22used_cache%22%3Atrue%7D%2C%22data%22%3A%5B%7B%22key%22%3A%22MKTWCAW4%22%2C%22library%22%3A%7B%22id%22%3A56201%7D%2C%22meta%22%3A%7B%22creatorSummary%22%3A%22Bruch%22%2C%22parsedDate%22%3A%221963%22%2C%22numChildren%22%3A0%7D%2C%22bib%22%3A%22%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-bib-body%26quot%3B%20style%3D%26quot%3Bline-height%3A%201.35%3B%20padding-left%3A%201em%3B%20text-indent%3A-1em%3B%26quot%3B%26gt%3B%5Cn%20%20%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-entry%26quot%3B%26gt%3BBruch%2C%20Robert.%20%26lt%3Bi%26gt%3BLuxemburgischer%20Sprachatlas.%20Laut-%20Und%20Formenatlas%20von%20Robert%20Bruch.%20F%26%23xFC%3Br%20Den%20Druck%20Vorbereitet%20von%20Jan%20Goossens%26lt%3B%5C%2Fi%26gt%3B.%20Edited%20by%20Ludwig%20Erich%20Schmitt.%20Deutscher%20Sprachatlas.%20Regionale%20Sprachatlanten%202.%20Marburg%3A%20Elwert%2C%201963.%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%5Cn%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%22%2C%22data%22%3A%7B%22itemType%22%3A%22book%22%2C%22title%22%3A%22Luxemburgischer%20Sprachatlas.%20Laut-%20und%20Formenatlas%20von%20Robert%20Bruch.%20F%5Cu00fcr%20den%20Druck%20vorbereitet%20von%20Jan%20Goossens%22%2C%22creators%22%3A%5B%7B%22creatorType%22%3A%22author%22%2C%22firstName%22%3A%22Robert%22%2C%22lastName%22%3A%22Bruch%22%7D%2C%7B%22creatorType%22%3A%22contributor%22%2C%22firstName%22%3A%22Jan%22%2C%22lastName%22%3A%22Goossens%22%7D%2C%7B%22creatorType%22%3A%22editor%22%2C%22firstName%22%3A%22Ludwig%20Erich%22%2C%22lastName%22%3A%22Schmitt%22%7D%5D%2C%22abstractNote%22%3A%22%22%2C%22date%22%3A%221963%22%2C%22originalDate%22%3A%22%22%2C%22originalPublisher%22%3A%22%22%2C%22originalPlace%22%3A%22%22%2C%22format%22%3A%22%22%2C%22ISBN%22%3A%22%22%2C%22DOI%22%3A%22%22%2C%22citationKey%22%3A%22%22%2C%22url%22%3A%22%22%2C%22ISSN%22%3A%22%22%2C%22language%22%3A%22%22%2C%22collections%22%3A%5B%5D%2C%22dateModified%22%3A%222022-10-31T16%3A29%3A16Z%22%7D%7D%2C%7B%22key%22%3A%22XMQQJMT5%22%2C%22library%22%3A%7B%22id%22%3A56201%7D%2C%22meta%22%3A%7B%22lastModifiedByUser%22%3A%7B%22id%22%3A761197%2C%22username%22%3A%22F.Muno%22%2C%22name%22%3A%22%22%2C%22links%22%3A%7B%22alternate%22%3A%7B%22href%22%3A%22https%3A%5C%2F%5C%2Fwww.zotero.org%5C%2Ff.muno%22%2C%22type%22%3A%22text%5C%2Fhtml%22%7D%7D%7D%2C%22creatorSummary%22%3A%22Huss%22%2C%22parsedDate%22%3A%221927%22%2C%22numChildren%22%3A1%7D%2C%22bib%22%3A%22%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-bib-body%26quot%3B%20style%3D%26quot%3Bline-height%3A%201.35%3B%20padding-left%3A%201em%3B%20text-indent%3A-1em%3B%26quot%3B%26gt%3B%5Cn%20%20%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-entry%26quot%3B%26gt%3BHuss%2C%20Richard.%20%26lt%3Bi%26gt%3BStudien%20Zum%20Luxemburgischen%20Sprachatlas%26lt%3B%5C%2Fi%26gt%3B.%20Beitr%26%23xE4%3Bge%20Zur%20Luxemburgischen%20Sprach-%20Und%20Volkskunde%202.%20Luxemburg%3A%20Luxemburger%20Sprachges.%2C%201927.%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%5Cn%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%22%2C%22data%22%3A%7B%22itemType%22%3A%22book%22%2C%22title%22%3A%22Studien%20zum%20luxemburgischen%20Sprachatlas%22%2C%22creators%22%3A%5B%7B%22creatorType%22%3A%22author%22%2C%22firstName%22%3A%22Richard%22%2C%22lastName%22%3A%22Huss%22%7D%5D%2C%22abstractNote%22%3A%22%22%2C%22date%22%3A%221927%22%2C%22originalDate%22%3A%22%22%2C%22originalPublisher%22%3A%22%22%2C%22originalPlace%22%3A%22%22%2C%22format%22%3A%22%22%2C%22ISBN%22%3A%22%22%2C%22DOI%22%3A%22%22%2C%22citationKey%22%3A%22%22%2C%22url%22%3A%22%22%2C%22ISSN%22%3A%22%22%2C%22language%22%3A%22%22%2C%22collections%22%3A%5B%5D%2C%22dateModified%22%3A%222011-10-18T14%3A19%3A47Z%22%7D%7D%5D%7D
Bruch, Robert. Luxemburgischer Sprachatlas. Laut- Und Formenatlas von Robert Bruch. Für Den Druck Vorbereitet von Jan Goossens. Edited by Ludwig Erich Schmitt. Deutscher Sprachatlas. Regionale Sprachatlanten 2. Marburg: Elwert, 1963.
Huss, Richard. Studien Zum Luxemburgischen Sprachatlas. Beiträge Zur Luxemburgischen Sprach- Und Volkskunde 2. Luxemburg: Luxemburger Sprachges., 1927.