Vun elo un offréiere mir en neie Service am Kader vun der Lëtzebuerger Sprooch. Dir kënnt hei all Är Froen iwwert d’Struktur vum Lëtzebuergesche stellen. D’Froe kënnen aus de Beräicher Grammaire, Wuertschatz oder Sproochgeschicht kommen. D’Äntwerte ginn dann hei publizéiert an Dir kritt eng Email geschéckt. No an no soll dann dës Froesammlung zu engem Archiv uwuessen, deen den allgemengen Intressi u linguisteschen Aspekter vum Lëtzebuergesche soll dokumentéieren. Mat dësem Service wëlle mer Iech d’Méiglechkeet ginn, op eng interaktiv Aart a Weis méi iwwert d’Struktur vum Lëtzebuergesche gewuer ze ginn.

infoDesk

De Service ass am Ufank nach an enger Testphas. Mir wëlle fir d’éischt emol gesinn, wéi vill a wéi eng Froen erakommen an och wéi mir et zäitlech packen, Är Froen – nieft eiser üüblecher Aarbecht – ze beäntweren.

Hutt w.e.g. Versteesdemech, dass mir op dëser Plattform keng stilistesch oder orthographesch Korrekturen ubidde kënnen. Méi Informatiounen iwwert d’Schreifweis fannt Dir och am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) an op hirem Ortho-Site.

 

 

2 thoughts on “infoDesk – Är Fro iwwert d’Lëtzebuergescht

  1. Sonia Thewes

    Ech fannen dëst eng super Initiativ! Esou dacks stéisst een op lëtzebuergesch Wierder, wou den Ursprong net kloer ass oder wou een sech freet, ob dat iwwerhaapt en typesch lëtzbeuergescht ass.

    Villmools Merci fir dës Aktioun!
    Sonia Thewes

  2. Marie-Jeanne Diederich

    Ech hunn am Moment elo keng Fro, mais ech kommen bestëmmt op aeren Service zréck. Ech fannen dat do eng formidabel Initiativ. Bravo

Schreibe eine Antwort zu Marie-Jeanne DiederichAntwort abbrechen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.