Fir dës Fro hunn ech mech op d’Sich gemaach a sinn am däitsch-louthrengesche Wierderbuch gelant. Dat entspriechend Wuert wier hei „Flitsch“, wat et eben och an der Variant „Fletsch“ gëtt.
http://woerterbuchnetz.de/cgi-bin/WBNetz/wbgui_py?sigle=LothWB&lemid=CF01076
Als éischt muss ech allerdéngs drop hiweisen, dass dëst elo keng vollstänneg etymologesch Analys ass, mee en Eruntaaschten un déi verschidde Wierder a Bedeitungen, déi aller Warscheinlechkeet no zesummenhänken.
Op där Pist, déi ech hei fonnt hunn, hänkt „Flätsch“ mam Wuert „Flillek“ zesummen (dozou och dat däitscht Wuert „Fittiche“). D’Entwécklung kéint dann esou gelaf sinn, dass et am Ufank fir de Flillek u sech stoung, dunn als Fiederdekoratioun um Hutt (beim Jeeër zum Beispill) an dunn och ganz allgemeng als Ornament um Hutt, Gezei oder an den Hoer, am Sënn vun engem Putsch oder enger Quast.
Aus orthographescher Perspektiv misst ee sech awer froen, wou elo deen <ä> hierkënnt, also wisou mer net einfach <Fletsch> schreiwen. Wa mer nees un den Ufank vun der Etymologie ginn, bei de Flillek, da komme mer och bei d’Wuert „flatteren“, wat hei eventuell en Indice kéint sinn, dass deen <a> den <ä> ausléise kéint.
- Caroline Döhmer answered 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
Please login first to submit.

