Wann ech an engem Saz soll „datt“ oder „ob“ huelen, hänkt et jo dovun of, ob ech eng Äntwert/Informatioun brauch oder net hunn. Bsp.: Ech weess, datt den Zuch fort ass. Ech si mir net sécher, ob nach en anere kënnt.
Mee wéi verhält et sech bei enger Fro? Bsp.: Ass et méiglech, datt… Wien weess, ob ..?
Wéi kann een et an der Fro erklären, wéini een „datt“ oder „ob“ hëlt??
- Christiane asked 9 Jahren ago
- last edited 9 Jahren ago
Wéi Dir scho richteg ugedeit hutt, bezitt sech en dass/datt-Saz op eng Tatsaach an en ob-Saz op eng indirekt Fro, méi genee eng Entscheedungsfro, op déi d’Äntwert Jo oder Nee ass.
Dat heescht, dass en ob-Saz sech ëmmer aus enger Fro ofleede muss. Viraussetzung fir en indirekte Fro-Saz ass natierlech en Haaptsaz, deen eng Fro oder en Zweiwel aleet:
- Ech froe mech, ob mer nach Kaffi hunn. (Fro: Hu mer nach Kaffi?)
- Wie weess, ob mer dat nach erliewen? (Fro: Erliewe mer dat nach? Fro am Haaptsaz: Wie weess dat?)
En dass/datt-Saz leet sech aus enger genereller Ausso of, déi fir richteg empfonnt gëtt.
- Ech si mer sécher, dass mer dat nach erliewen. (Ausso: Mir erliewen dat nach.)
Ass de gesamten Haaptsaz eng Fro, bleift den dass/datt-Saz nawell eng Ausso, just dass déi Ausso mam Haaptsaz hannerfrot gëtt. Den dass/datt-Saz manifestéiert sech just duerch den Haaptsaz als Fro (am Géigesaz zum ob-Saz, wou den Niewesaz schonn eng Fro manifestéiert).
- Wie weess, dass ech verloobt sinn? (Ausso: Ech si verloobt. Fro am Haaptsaz: Wie weess dat?)
- Ass et méiglech, dass e scho fort ass? (Ausso: En ass scho fort. Fro am Haaptsaz: Ass dat méiglech?)
Wann een elo higeet an e Saz hëlt, wou een en ob– oder en dass/datt-Saz am Kontext benotze kann, gëtt den Ënnerscheed kloer.
- Kanns du mer soen, ob mer dee Rack hei steet? (Fro: Steet mir dee Rack?)
- Kanns du mer soen, datt mer dee Rack hei steet? (Ausso: dee Rack steet mir, d.h. hei ass et éischter eng Opfuerderung, fir e Kompliment ze maachen)
- Caroline Döhmer answered 9 Jahren ago
- last edited 9 Jahren ago
Please login first to submit.