0 votes
3k views
Am Géigesaz zum Däitschen schéngt et am Lëtzebuergeschen eng gewësse Flexibilitéit ze ginn, wat d’Positioun vun engem konjugéierte (resp. vu finite) Modalverb vis-à-vis vum Infinitivverb bannent engem ënnergeuerdneten Niewesaz (NS) betrëfft. Am folgende Beispill steet dat konjugéierte Modalverb hannert dem Infinitiv (sou wéi am Däitschen och): 1 De Proff sot, dass mir d’Ha[…]
  • Ashwin Jean Schumann asked 5 Jahren ago
  • last active 5 Jahren ago
0 votes
3k views
ech kommen „aus“ engem Land, generell a gewéinlech Ausso. Et gëtt natierlech Ausnamen, mat Artikelen… Awer wéi heescht elo richtëg: aus Lëtzebuerg, aus Lichtenstein, aus Monaco oder vu Lëtzebuerg,   …. wann et ëm d’Land geet? Natierlech aus der Stad! Gëtt et do eng Regel? Merci fir Är Hëllef.
  • Daniel MADERT asked 5 Jahren ago
  • last active 5 Jahren ago
0 votes
4k views
Léiwen InfoDesk, Wéini ass „fir“ bei „fir ze“ fakultativ? Et kann ee jo soen „Et ass Zäit fir opzestoen“ oder „Et ass Zäit opzestoen“, awer bei „Ech ginn dir e Bic fir ze molen“, kann ee „fir“ net ewech loossen. Wat ass hei genau d’Regel? Merci villmools, Liz  
  • Liz Wenger asked 9 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
4k views
Moien, Ech léiere säit engem Joer Lëtzebuergesch. Am Groussen a Ganze kënn ech d’N-Regel och applizéieren, mee ech verstinn net firwat am Fall vun „wann s du“ den n stoe bleift. Mäi Prof kount mir déi Fro leider net beäntweren. Ass dat eng Ausnam? Merci am Viraus!
  • Iliya Hadzhipetkov asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
4k views
Wann ech an engem Saz soll „datt“ oder „ob“ huelen, hänkt et jo dovun of, ob ech eng Äntwert/Informatioun brauch oder net hunn. Bsp.: Ech weess, datt den Zuch fort ass. Ech si mir net sécher, ob nach en anere kënnt. Mee wéi verhält et sech bei enger Fro? Bsp.: Ass et méiglech, datt… Wien weess, ob ..? Wéi kann een et an der Fro erklären, wéini een „dat[…]
  • Christiane asked 9 Jahren ago
  • last active 9 Jahren ago
Showing 5 results