0
0

Am Géigesaz zum Däitschen schéngt et am Lëtzebuergeschen eng gewësse Flexibilitéit ze ginn, wat d’Positioun vun engem konjugéierte (resp. vu finite) Modalverb vis-à-vis vum Infinitivverb bannent engem ënnergeuerdneten Niewesaz (NS) betrëfft.

Am folgende Beispill steet dat konjugéierte Modalverb hannert dem Infinitiv (sou wéi am Däitschen och):

1 De Proff sot, dass mir d’Hausaufgab maache mussen.
HS NS
Der Lehrer hat gesagt, dass wir die Hausaufgabe machen müssen.

Am nächste Beispill steet d’Modalverb virum Infinitiv – wat och net ongewinnt ass:

2 De Proff sot, dass mir d’Hausaufgab musse maachen.
HS NS
Der Lehrer hat gesagt, dass wir die Hausaufgabe müssen machen.

E weidert Beispill fir d’Variant 2 ënnersträicht dat net just, mee weist och, wat fir droleg Spagater d’Modalverb dem Infinitivverb hei opzwéngt.

2′ De Pol huet gefrot, ob hien d’Hausaufgab och muer of ka ginn.
HS NS

An 2′ steet d’Modalverb net just virum Infinitiv, mee stellt sech carrément tëschent de Präfix „of“ a säi Stammverb „ginn“.
Dee Spagat existéiert an der däitscher Sprooch vun haut net, awer ech hunn déi selwescht Kuriositéit an enger vun deenen heiten, vum Friedrich Schlegel zitéierten Zeile vum Martin Opitz fonnt. Dee Spagat schéngt also an der däitschter Barockdichtersprooch net onüblech gewiescht ze sinn.

Dowéint e puer Froen

1) Gëlt déi relativ flexibel Stellung vum Modalverb am Lëtzebuergesch ëmmer (d.h. fir all Verben)?
Et ass e weidert Kuriosum, datt d’Variant 1 am folgende Fall ongewinnt (an dowéint villäicht och kakophon)  kléngt – an dat, obwuel d’Verbstellung duerch déi däitsch Grammatik positiv sanktionéiert wier:

1′ De Proff sot, dass hie soss keng Nott gi kann.
HS NS

Villäicht ass deen Androck vu Kakophonie och just reng subjektiv, mee „gi kann“ kléngt iergendwéi net gutt. Ech fille mech heibäi och un de Participe Présent vu Verben, déi mat k- ufänken, erënnert. Bei dësen ass et nämlech oft (wann och nët ëmmer) de Fall, datt de Partizip-Präfix ge- net existéiert (gekomm, gekascht, gekaaft, gekritt) , – ech huelen un, well „g*k-“ dem Mammesproochler net gutt „iwwer d’Lëpsen“ kënnt

2) Wéi eng Variant – 1 oder 2 – ass eigentlech méi wäit verbreet, a wéi erkläere sech Linguisten d’Existenz vun der Variant 2 am Lëtzebuergeschen?
2.1) Wéi kënnt et, dass déi Méiglechkeet just fir Modalverbe besteet? Beispillsweis kléngt d’Variant 2 – op aner Strukture vum Typ (Finit Verb+Infinitivverb) falsch:

Ech weess net, ob ech bei deem Ree gi spadséieren.
HS NS

 

  • Ashwin Jean Schumann asked 5 Jahren ago
  • last edited 5 Jahren ago
0
0

Gudde Mëtteg,

wéi Dir ganz genau beschreift, gëtt et am Lëtzebuergeschen an dëse Verbcluster zimmlech vill Variatioun.

D’Caroline Döhmer aus dem ZLS huet sech genau mat dësem Thema an hirer Rubrik „Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch“ um Radio 100,7 beschäftegt. De Bäitrag fannt Dir hei. Hei fannt Dir u sech Äntwerten op all déi Froe, déi Dir gestallt hutt.

Mir hunn dës Variatioun och an der App Schnëssen ofgefrot, allerdéngs steet hei d’Auswäertung nach aus. Soubal mer dës Auswäertunge gemaach hunn, ginn déi natierlech och hei um Site publizéiert.

 

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.