0
0

Am Buch „Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?“ gëtt op der Säit 15 d’Regel opgestallt: Ech kommen aus engem Land (et gëtt och drop higewisen, dass et hei Ausnahme gëtt), awer vun enger Uertschaft. Wéi ass et mat Inselen? Ech géif soen: Ech komme vu Kreta oder Malta, awer aus Korsika oder aus der Corse. Ech hunn eng Schülerin vun Jersey, ass dat richteg? Wéi ass et mat Sizilien (aus Sizilien?) oder Sardinien?

Villmools Merci fir Är Äntwert.

 

  • Wirth-Majerus Annette asked 9 Jahren ago
  • last edited 9 Jahren ago
  • Peter Gilles
    Eis Äntwert kënnt geschwënn ;-) An der Tëschenzäit wëll ech nach op en eelere klengen Artikel hiweisen, wou d’Problematik vun der Prepositioun bei ‚zu Lëtzebuerg’/’a Lëtzebuerg‘ diskutéiert gëtt: http://infolux.uni.lu/zu-letzebuerg/
0
0

Dës Fro ass immens interessant – a mer hunn hei och vill driwwer diskutéiert.
Fir d’éischt: eng einfach Äntwert kann ech Iech leider nach net ginn, mee de Plang ass, eng kleng Ëmfro iwwert de Sujet unzefänken.
Wat d’Auswiel vun der Prepositioun wahrscheinlech beaflosst, sinn dräi Punkten, déi mateneen interagéieren:

  • de politische Status vun der Insel: Ass d’Insel selbststänneg oder ass se Deel vun engem anere Land?
  • déi physesch Gréisst vun der Insel
  • de Gespréichskontext: Schwätzt een iwwert déi politesch Charakteristiken resp. déi Charakteristiken, déi vum Mënsch gemaach goufen, oder iwwert d’Landschaft resp. déi natierlech Charakteristike vun der Insel?

Wéi dës Punkten interagéieren a wéi et mat aneren Inselen ausgesäit, kënne mer dann (hoffentlech) demnächst beäntwerten. D’Ëmfro wäert Der och geschwënn hei um Infolux fannen.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.