Ech hu mech dru gewinnt de Leit ze erklären, datt d’Eifeler Regel eng Aussproocheregel ass, déi beschreift wéi Lëtzebuergesch vun de Lëtzebuerger am Gros geschwat gët. Ech hunn déi Regel also deskriptiv gedeit.
Leien ech richteg, datt d’Eifeler-Regel e kraaftökonomesche Prinzip reflektéiert?
Net vun ongeféier bleift de finalen -n jo genau da stoen, wann de nächste Laut entweder en /n/, /t/, /d/, /h/ oder /ts/-Laut ass (oder awer eng Paus an der Artikulatioun ginn ass): bei all dene genannte Folgelauter (bis op den /h/) handelt et sech em „alveolar“ Konsonanten, also em Konsonanten, wou d’Zong genau déi selwescht Positioun anhëllt ewéi beim finalen -n.
Et läit also op d’mannst no, dovunner auszegoen, datt hei d’Zong ëmmer nom kierzeste Wee sicht (Grond: vun /n/ zu /n/, /t/, etc. ass kee grousse Beweegungsopwand néideg, also bleift de finalen -n stoen).
Wann dës Erklärung elo also stëmmt, wéi kann da justifiéiert ginn, datt de finalen /n/-Laut bei Nimm (scheinbar) bestoe bleift:
1 – Gët et dofir just ex-post eng Erklärung? (Et erklärt een dat doduerch, datt de Spriecher de Numm (aus wéi engem Grond och ëmmer) intakt léisst: et seet een z.B. also: D’Lynn geet bei de Bäcker., an net: °D’Ly geet bei de Bäcker. Soss wier de Numm net erëm ze erkennen, oder de Saz net eendeiteg oder suguer onverständlech, oder etc.
2 – Oder gët (awer) eppes un der Aussprooch vum /n/ geännert, wann och déi Verännerung fir de Spriecher kaum zu Bewosstsinn gelaangt? (z.B. „just“ eng approximativ Realisatioun vum finalen /n/-Laut?)
Wann d’Erklärung 1) géing zoutreffen, wier d’Eifeler Regel jiddefalls net méi reng kraaftökonomesch motivéiert, jiddefalls bei Nimm net. D’Fro ass dann, ob et am Grupp 2) et verständlech Erklärung ka ginn.
Merci am viraus fir Är Zäit an Opmierksamkeet!
- Ashwin Jean Schumann asked 7 Jahren ago
- last edited 7 Jahren ago
Merci fir Är pertinent Iwwerleeungen, mat deenen am Fong schonn alles gesot ass. D‘n-Reegel ass primär eng phonetesch Upassung, déi duerch d’Artikulatiounsplaz vum nofolgende Konsonant gesteiert gëtt. Eigentlech sollt et dann och keng Ausame fir d’Nimm ginn. Allerdéngs ass d’Argumentatioun bei den Nimm esou, dass ee versicht, d’Identitéit dovun net unzetaaschten, well d’Gefor besteet, dass den Numm net verstanen oder verstümmelt gëtt. Dowéinst also: op Berlin fléien, d’Lynn geet etc.
D‘n-Reegel gëtt hei also duerch zousätzlech Ënnerreegele motivéiert an ass net méi just phonetesch.
Dëst betrëfft och Nimm op -en, déi ’normale‘ Wierder gläichen: Bei d’Madame Heinen geet fort muss den -n dowéinst och stoe bleiwen. Allerdéngs héiert een esou Nimm dacks och ouni den -n, wat drop hindeit, dass d’Phonetik erëm méi staark ass wéi eng komplizéiert Ausnamsreegel.
- Peter Gilles answered 7 Jahren ago
Please login first to submit.