0
0

Moien,

Ech léiere säit engem Joer Lëtzebuergesch. Am Groussen a Ganze kënn ech d’N-Regel och applizéieren, mee ech verstinn net firwat am Fall vun „wann s du“ den n stoe bleift. Mäi Prof kount mir déi Fro leider net beäntweren. Ass dat eng Ausnam?

Merci am Viraus!

  • Iliya Hadzhipetkov asked 8 Jahren ago
  • last edited 8 Jahren ago
0
0

Dee klengen <s> do gehéiert zu menge perséinlechen Highlights aus der lëtzebuergescher Sproochstruktur!

Dass bei <wann s du> den dueblen <n> net ewechfält, läit dorunner, dass et sech beim <s> ëm eng speziell Flexiounsendung handelt. Den <s> ass also – aus struktureller Perspektiv – net als Eenzelwuert ze betruechten, mee als Endung vum ‚wann‘. Déi Endung bei ‚wann‘, déi an der Orthographie allerdéngs isoléiert am Saz steet, ass souzesoen en „Rescht“ resp. eng Verdueblung vun der Endung {-s}, déi d’Verben bei der 2. Persoun Singulier kréien an déi Endung huet keen Afloss op d’n-Reegel. Deen <s> behëlt sech also wéi eng Endung vun engem Verb an der 2. Persoun Singulier, wéi bei du fënns, du vernenns, asw.

Am Lëtzebuergeschen hu mer de Phänomen, dass Elementer, déi en Niewesaz aleeden, en <s> kréien, wann de Sujet am Niewesaz e Pronom an der 2. Persoun Singulier ass. Vu dass et eben eng al Flexiounsendung ass, bleift <n> resp. <nn> virum <s> stoen. Dat betrëfft an deem Fall net just den ‚wann‘:

  • wéi eng Ketten s de undees
  • deen s de net lassgëss
  • obschonn s de gutt oppass
Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.