0
0

Salut, ech si gefrot ginn, ob et dat Wuert “Schnutzeneckel“ gëtt. Also et goung aus engem Gespreich eraus. Ee Fransous huet dat gesot an desem Kontext:

„cette maison était habitée par un vieux monsieur, qu’en patois luxembourgeois on appelait le Schnutzeneckel, c’est-à-dire le vieux schnocks. C’était une sorte de prophète du village. Il avait une longue barbe, il vivait seul, il était célibataire. “

 

Merci fir är Hëllef

0
0

Moien a Merci fir Är Fro.

Esou direkt schéngt et dat Wuert am Lëtzebuergeschen net ze ginn, op d’mannst konnt ech et a menge Quellen net fannen. Wat awer opfält, ass, dass et sech hei ëm e Kompositum handelt, wat sech warscheinlech aus de Wierder ‚Schnutz‘ an ‚Néckel‘ zesummesetzt.

‚Schnutz‘ ass hei eng Variant fir ‚Schnurz‘. Den LWB seet dozou:

Schnutz II (Pl. Schnitz, Dim. Schnitzchen, Schnitzelchen), Schnutzbart (lok. Bodange, belg. Prov. Luxemburg:Schnutzert) M.: «Schnurrbart» — cf. Schnurz, Schnorres II. 

(http://engelmann.uni.lu:8080/portal/WBB2009/LWB/wbgui_py?lemid=HS02763)

Den ‚Néckel‘ kann einfach eng Bezeechnung fir eng männlech Persoun sinn. Dat fanne mer och mat ‚Batti‘ oder ‚Pitti‘ zum Beispill. De ‚Froossbatti, -pitti, -néckel‘ ass deem Sënn no einfach e verfroossene Kärel.

Et ka sech bei Ärem Beispill natierlech och einfach ëm eng Persoun handelen, déi Nicolas oder ähnlech heescht.

Wéi och schonn aus Ärem Text ervirgeet, war dat en Här mat engem Baart, wat en dann – wéi et schéngt – zu deem Spëtznumm bruecht huet. Ob dat awer elo eng allgemeng Bezeechnung ass oder just en eenzelne Spëtznumm, bleift ongekläert.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.