0
0

I. Et ass opfälleg, datt et fir Berufsbezeechnungen eng Rei ënnerscheedlech weiblech Endunge gët.

Wann ee vergläicht,
– d’Metzlesch
– d’Educatrice (2)
– d’Coiffeuse (3)
– d’Affekotin (4)
fält engem direkt op, datt et am Lëtzebuergeschen Endungen aus dem Franséische (2 an 3) an aus dem Däitsche gëtt.
Wéi verhält et sech mat der Endung -esch? Huet een et hei mat enger „originär“ lëtzebuergescher resp. méi laang schon am Sproochraum benotzten Femininendung ze dinn?

Dozou eng aner Fro, déi villäicht (dat ass d’Hypothes) zesummenhänkt mat menger éischter Fro:

II. Wat ass d’Bedeitung vum Suffix -esch hannert Familljenimm déi op -er ophalen?
Wann een zum Beispill seet: „de Müllesch Jos“ (Jos Müller), „de Petesch Jhemp“ (Jhemp Peters), huet een da mat engem Genitiv-Suffix ze dinn? A wa jo, kéint ee da „de Müllesch Jos“ als „de Müllers hire Jos“ iwwersetzen (dobäi stéing „Müllers“ an „hire“ fir „d’Famill Müller“ – oder wees ee, worauser déi Endung soss entstane kéint sinn?

An hänkt dës zweet Form vun -esch Endung (II) mat där éischter (I) iwwerhaat zesummen?
Wa jo, a wa meng Deitung dozou och richteg ass, ass dann – Fro III – „d’Metzlesch“ als ellipteschen Ausdrock fir „dem Metzler seng (Fra)“ benotzt ginn?

0
0

Wat am Lëtzebuergeschen haut als Suffix -esch erschéngt, geet op en alhéichdäitsche Suffix -issa zeréck mat der Funktioun, aus genusneutrale Substantiver, weiblech Persounebezeechnungen ze ‚movéieren‘. De Suffix steet domat a Konkurrenz zum -in, allerdéngs kann den éischten just bei Substantiver op -er ugehaange ginn. Eng Gäertn-er-issa ass mat der Zäit an den onbetounte Silben um Schluss souwäit assimiléiert ginn, dass eis Gäertnesch entstanen ass. Aus synchroner Perspektiv kann een domat also e Suffix -esch am Lëtzebuergeschen unhuelen.

Bëssen anescht ass et bei de Familljennimm, déi an ale Genitivfügunge virum Ruffnumm stinn an ‚Zougehéieregkeet‘ ausdrécken: de Webesch Camille ass de Camille aus der Famill oder dem Haus Weber. Hei muss een allerdéngs e Suffix -s usetzen. Wéi mer u Wierder wéi besonnesch (< besonders + s), anescht (< ander +s) oder Duuscht an och beim -er-issa erkennen, gëtt een [s] no engem onbetounten –er zu [əʃ] assimiléiert.

Méi detailléiert sproochhistoresch Aspekter fannt Dir hei an hei.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.