0
0
0
0

Merci fir Är Fro. Bei dësem Pronom vun der éischter Persoun Pluriel handelt et sech ëm zwou koexistent Varianten. Et heescht also net, dass déi eng Form méi oder manner richteg ass wéi déi aner.

Fir vill Pronomen hu mer am Lëtzebuergeschen zwou Varianten: du/de, si/se, asw.

http://engelmann.uni.lu/lsa/LSA-maps/084_lux.jpg

Op dëser Kaart vun 1963 gesitt Der, dass den <äis> (op der Kaart an der phonetescher Representatioun [ɛis]) zesumme mam <eis> (phonetesch duergestallt als [ɑis]) am gréissten Deel vum Land koexistéiert. An deene leschte 50 Joer gesi mer awer eng Tendenz ewech vum <äis> bei den <eis>, esou datt een a muncher Grammaire just nach den <eis> fënnt. Donieft fanne mer och nach d’Variant <ons>.

D’Variatioun tëscht <äis> an <eis> huet aus historescher Perspektiv mat der Tounqualitéit vum Konsonant <s> ze dinn (schaarf oder mëll ausgeschwat), déi sech dann op d’Form vum Diphthong ausgewierkt huet. Dass den <ons> nach dobäi koum, läit warscheinlech dorun, dass mer deen nach zousätzlech aus dem Däitschen iwwerholl hunn (an der Theorie no der Form <uns>).

En éischte Bléck an eis Datebank vu lëtzebuergeschen Texter weist, dass den <äis> knapp 1700mol virkënnt, den <eis> awer iwwer 130’000mol. D’Form <ons> gouf iwwer 16’800 Kéiere benotzt. Verschidde Fäll ginn hei awer och op Possessivpronomen/Possessivartikelen zeréck (äis/eis/ons Kaz). D’Variatioun ass awer vergläichbar.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.