Gudden Owend,
de Colloque e Méindeg (18.5.) mam Jeanne Glesener muss aus perséinleche Grënn leider ausfalen. An domat ass de Fréijoerscolloque och scho fäerdeg fir dëst Semester. Mir soen alle Leit merci, déi mat dobäi waren!
Am Hierscht geet et weider mat neie Presentatiounen an neien Diskussiounen! … plus déi, déi dëst Semester leider hu misse verréckelt ginn. Dir gitt den neie Programm wéi ëmmer iwwer den infolux gewuer.
Bleift virwëtzeg a bis geschwënn!
Caroline




