E puer vun eisen Inter-Servicer hunn ech lo upgedate.
D‘Lëtzebuergesch Dictéeën an d‘automatesch foneetesch Transkriptioun kruten en neien Interface, dee visuell méi agreabel ass a besser Interaktiounsméiglechkeeten huet.



Den Atlas vun de Familljennimm ass komplett iwwerschafft: D’Kaarte gi méi séier produzéiert a kënnen an enger héijer Bildqualitéit ofgespäichert ginn. Optional kann d’Gebitt mat der heefegster Nummvariant och ganz agefierft ginn. Déi europäesch Datebasis ass erweidert ginn: Nieft den Nimm vu Lëtzebuerg, Däitschland, Frankréich, der Belsch an Holland si lo d’Nimm vun Italien, Spuenien an Tschechien bäikomm. ‚t kann elo also nach besser d’Verbreedung vun de Familljennimm am europäesche Kontext studéieren.


Den Abreißkalender vum Batty Weber gouf technesch ganz iwwerschafft: E leeft lo méi flësseg an et kann een endlech och no Wierder mat Umlauter oder soss Spezialsymboler sichen (z.B. Nörglereien).





