Porte ouverte vun der Luxemburgistik (22.11.14, Cercle Cité)

Mir vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft soe Merci. Eis Porte ouverte, déi e Samschdeg, 22. November 2014 am Cercle Cité organiséiert gouf, ass gutt verlaf. Mir ware frou iwwer vill Visiteuren, interessant Gespréicher an Diskussiounen. Mir hoffen, dass et de Leit och gefall huet, eng Kéier ze gesinn, wat aktuell ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch a…

Op e Kaffi mat der Luxemburgistik: Porte ouverte vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft

No dem schéine Succès déi leschte Kéier invitéiere mir och dëst Joer erëm Op e Kaffi mat der Luxemburgistik Wéi steet et ëm d’Lëtzebuergescht am Kontext vun der Méisproochegkeet? Wéi huet sech de Gebrauch vum geschriwwene Lëtzebuergesch entwéckelt? Wéi eng Entwécklungen hunn d’Lëtzebuerger Literaturen, de Lëtzebuerger Theater oder d‘Lëtzebuerger Editiounswiesen an deene leschte Joerhonnerten duerchlaf?…

Programm vum Colloque am Wantersemester 2014

Wantersemester 2014-2015, Dënschdes 16h00 – 17h00 um Campus Walfer, Gebai X, Sall 2.35 Organisatioun: Ass-Prof. Dr. Jeanne E. Glesener 28.10.2014. Melanie Wagner a Luc Belling: Private literacy – then and now. A diachronic analysis of changing practices of written Luxembourgish 11.11.2014. Caroline Doehmer: Him säi Buch / säi Buch / d’Buch vun him  – Possessioun am Lëtzebuergeschen…