De ganzen Dag un engem Ee schielen

Och dat onscheinbart, awer wichtegt Wuert Ee, am Pluriel Eeër, ass am Lëtzebuergesche méi variabel wéi ee géif mengen. Am Ganze si mer an den Daten aus der Schnëssen-App 864 Eeër siche gaangen. Dräi Haaptvariante kënnen ënnerscheet ginn: Eeër, Är an Aier. Fir mat der leschter a vläicht opfällegster Variant unzefänken: Fir de ganzen héijen Norden ass schéin ze gesinn, dass…

Ganzen Artikel

De Vull a seng kleng Kolleegen

Wéi esou dacks bei eisen Auswäertungen ass och hei erëm méi wéi eng Bezeechnung benotzt ginn, fir déi kleng gefligelt Déiercher ze benennen. U sech kann een hei zwou Diminutivvarianten ausmaachen; Villercher a Vigelcher an déi entspriechend net verklengert Formen Vullen a Vigel. Bei de Formen, déi net verklengert goufen, sinn och nach d’Bezeechnungen Vill, een alternative Pluriel zu Vullen, Vugelen a Piipmatzen gefall. Geheit een e Bléck op…

Ganzen Artikel

Virwëtz, Virwëlz an Neigier

Et wierkt wéi ee lëtzebuergescht Original: de Virwëtz, virwëtzeg sinn. Ma wéi bal all d’lëtzebuergesch Wierder, huet och dësen Ausdrock seng Wuerzelen am Al- a Mëttelhéichdäitschen. Eist virwëtzeg kënnt vum ahd. firiwizic bzw. mhd. vor-, vür- oder virwitzec, wat deemools schonn d’Bedeitung hat, déi dëst Adjektiv och am haitege Lëtzebuergesch huet: dt. ’neugierig‘, fr.’curieux‘. Am Däitsche vun haut gëtt et vorwitzig natierlech och nach,…

Ganzen Artikel

Geheie mir eppes an d’Poubelle oder an d’Dreckskëscht

Bei der Auswäertung vu Poubelle oder Dreckskëscht treffen eng reng aus dem Franséischen iwwerholl Form op eng originär lëtzebuergesch Form. Wärend Poubelle nach net am Luxemburger Wörterbuch (1950-1977) ze fanne war, fënnt een allerdéngs Dreckskëscht mat eenzele Varianten, soumat ass déi Form déi eelst. Am neie Lëtzebuerger Online Dictionnaire existéiere béid Ausdréck eegestänneg. An der Grafik sinn och nach weider Bezeechnunge mat Dreck- opgefouert, déi awer all méi rar…

Ganzen Artikel

Zielt Dir, erzielt Dir oder verzielt Dir?

Déi fréier Forme vun erzielen, verzielen an zielen goufen am Al- a Mëttelhéichdäitschen all benotzt fir „eppes der Rei no opzezielen“. Dono hu sech d’Verben am Däitschen, zumindest an der Standardsprooch, spezialiséiert. zählen gëtt just nach am Sënn vun „opzielen“ an erzählen generell am Sënn vun „mëndlech matdeelen“ gebraucht. Verzählen existéiert am Standarddäitschen just am Sënn vun „falsch zielen“. Anescht gesäit dat am Lëtzebuergeschen an…

Ganzen Artikel

„… an zu Dikrech“ – Puppelchen, Beebee & Co.

Fir d’Wierder fir d“klengt Kand‘ hu mer d’Date vu 765 Participanten. D’Variatioun besteet am Fong tëscht dem Puppelchen, als der heefegster Variant, a verschidde Forme vu Beebee. Dobäi ass Puppelchen déi eelst Variant an ass etymolgesch Famill mat dem franséische poupon. Iwwregens ass am alen Luxemburger Wörterbuch (1950-1977) nach als d’Haaptform Pippelchen uginn, déi haut iwwerhaapt net méi virkënnt. Och Puppeli/Puppeléi ass praktesch net méi existent a…

Ganzen Artikel

Päiperlek, Pimpampel & co.

An der Schnëssen-App hu 1459 Leit eis geäntwert a sech opgeholl, wéi si déi kleng, meescht faarweg Déiercher mat de Flilleken nennen an dobäi konnte mir feststellen, datt eng grouss Majoritéit Päiperlek seet. Déi aner zwou nennenswäert Variante si Pimpampel a Schmetterleng. All dës Forme si souguer schonn am Luxemburger Wörterbuch vermierkt gewiescht, woubäi de Schmetter-leng do nach ënnert där héichdäitscher Aussprooch Schmetter-ling ze…

Ganzen Artikel

Vamos a la playa: Strand vs. Plage

Egal, ob Dir elo op d’Playa gitt, am Schaukelstull um Beach sëtzt, um Strand danzt, op d’belsch Plage fuert oder eppes maacht, wat glat a guer näischt mat Sand a Mier ze dinn huet, wëlle mir Iech elo schonn eng schéi Summervakanz wënschen! Déi schmock Uspillung un Iech sécherlech bekannte Lidder kënnt dobäi net vun ongeféier…

Ganzen Artikel

Eng Monster-Party an der Nuecht

Gitt uecht! ‚t ass Mëtternuecht! Gitt uecht! ‚t ass däischter um Späicher an d’Geeschter si Meeschter.  Nee, et geet elo hei net, wéi de Ufank vum Jhemp Hoscheit sengem Gedicht „Eng Monster-Party“ gleewe loosse kéint ëm Geeschter, Hexen a Piraten, ma et geet ëm déi Zäit an där sech dës Wiese ganz wuel fillen – et geet ëm d’Nuecht. 858…

Ganzen Artikel