De Pluriel vu „Schëld“

5. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Léiwer en -d oder en -t? Haut verstoppt sech hannert der Dier d’Auswäertung vum Pluriel vu Schëld. Bei dësem Diagramm gesi mir eng Trap, déi weist, wéi de Pluriel sech nom Alter vun de Spriecher opdeelt . Bei där héchster Stuf, 65+, erkennt een datt Schëlter a Schëlder sech nach bal…

Ganzen Artikel

De Pluriel vu „Blat“ 

4. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner An der 1. Ronn vun der Schnëssen-App hunn d’Participanten dräi verschidde Variante fir de Pluriel vu Blieder benotzt. Dobäi handelt et sech, wéi beim Bam, ëm eng Variatioun, déi sech op d’Aussprooch vun engem Wuert bezitt. D’Variante si Blieder, Bleeder a Bliädder. Op der Kaart erkennt een, datt d’Variant Blieder zwar…

Ganzen Artikel

D’Variante vun „Hallschent“

3. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Bei Hallschent konnten dräi Variante festgemaach ginn: Hallschent, Hallschecht an Hällschent, woubäi déi éischt kloer d’Haaptvariant ass.   Bei der Verdeelung nom Alter weist sech, datt Hallschent vun eeleren op méi jonk Spriecher*innen ëmmer méi ofhëlt, och wann d\\\’Variatioun och schonn an der zweethéchster Alterskategorie net méi immens grouss ass. Hällschent…

Ganzen Artikel

De (Chrëscht-)Bam

1. Dier vum Schëssen-Adventskalenner Och wann d’Wuert Bam den éischte Moment net immens spannend ausgesäit a kléngt, gesäit dat natierlech op den zweete Bléck ganz anescht aus. Am Ganze konnte mir 3 verschidden Aussprooche vu Bam enregistréieren. 1. Bam, 2. Bɔ:m respektiv Boam an 3. Bom (jo, dës Variant héiert sech genausou u wéi d’Wuert,…

Ganzen Artikel

Kaffi drénken a Co.

An der zweeter Ronn vun eiser Schnëssen-App hu mir d’Leit ë.a. d’Fro gestallt, wéi si déi éischt Moolzecht vum Dag nennen. An deenen 875 Opnamen, déi mir bei deem Item ausgewäert hunn, fanne sech, wéi sou dacks, direkt e puer Varianten. Am heefegste gouf mat 38,1% d’Variant „Kaffi drénken“ (333) genannt, op déi zweet Plaz…

Ganzen Artikel

Konferenz ‚Sprooch(en) am berufflechen Alldag zu Lëtzebuerg‘

Universitéit Lëtzebuerg, 22. November 2018 Campus Belval, Maison des Sciences Humaines, Black Box Reng sproochpolitesch gesi war 2017 en interessant a mouvementéiert Joer: D’Sprooche-Petitioune 698 a 725 hunn däitlech gemaach, wéi verschiddenaarteg iwwer d’Plaz, d’Roll, d’Funktioun an d’Potential vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft nogeduecht gëtt. Déi vum Educatiounsministère organiséiert Orthographies-Campagne schreiwen.lu weist däitlech, dass Diskussiounen…

Ganzen Artikel

Hien huet e Kapp wéi eng Kalbass! – De Kürbis

Mam Afloss vum amerikaneschen Halloween, dee méi a méi an Europa eriwwerkënnt, erënneren d’Leit sech och nees méi un de lokale Brauch vum Trauliicht. Waren et an der Groussregioun nach Rommelen, déi ausgehielegt goufen, hunn d’Iren an Amerika Kürbisse genotzt, wéi d’Auswanderer déi Traditioun mat an déi nei Welt geholl hunn. Säit zu Lëtzebuerg manner…

Ganzen Artikel