Dir intresséiert Iech fir sproochlech Variatioun? Dir wëllt wëssen, wéi Jugendlecher digital op Lëtzebuergesch kommunizéieren? Dir wëllt Iech austauschen iwwer Jugendwierder aus den 80er, 90er oder 2000er Joren?
Am Kader vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch bitt d’Luxemburgistik vun der Uni Lëtzebuerg e Workshop vun 2h zum Theema Jugendsprooch un (och als Ifen-Formatioun).
Mellt Iech gratis iwwer dëse Link un >>> https://forms.office.com/e/88TbVC1R2M
Dëse Workshop soll eng oppen a generatiouneniwwergräifend Diskussioun iwwer sproochlech Variatioun encouragéieren an en neit Bewosstsinn fir déi dynamesch Aspekter vu Jugendkommunikatioun schafen.
D’Informatiounen am Iwwerbléck
Datum/Auerzäit |
26.09.2025, 14:00-16:00 |
Plaz |
Campus Belval, Maison des Sciences humaines
Blackbox (direkt um Rez-de-chaussée) 11, Porte des Sciences, Esch/Alzette |
Leedung |
Melissa Mujkić (Virtrag) Caroline Döhmer, Mélanie Wagner |
Zilgrupp |
Intresséiert Studenten/Studentinnen a fräi Participanten/Participanteën (ouni linguistesch Virkenntnisser) |
Sprooch |
Lëtzebuergesch |
Matbréngen |
E Smartphone, Tablet oder Laptop fir interaktiv Eenheeten |
D’Umeldung ass op bis den 23.09.2025! D’Plaze si limitéiert.
Dir fannt d’Formatioun och am Katalog vum ifen.