Am Colloque interne vum 8. Dezember 2015 huet d’Anne-Marie Millim de Batty Weber als Lëtzebuerger „Erzählhistoriker“ virgestallt. Hatt beschäftegt sech a sengem aktuelle Projet virun allem mam Weber sengem Feuilleton, dem „Abreisskalender“, dee vun 1913 bis 1940 deeglech an der „Luxemburger Zeitung“ gedréckt gouf an iwwer 7000 kuerz Texter ëmfaasst. Ennerstëtzt vu ville Weber-Zitater gouf am Virtrag gewisen, dass den „Abreisskalender“ eng wichteg Roll fir d’Entstoe vun engem Lëtzebuerger Geschichtsbewosstsinn gespillt huet – fir de Weber eng Viraussetzung souwuel fir d’Novollzéie vu vergaangene Generatiounen, wéi och fir d’Bewältegung vun der Géigewaart. De Batty Weber huet sech doriwwer eraus fir eng kohärent Erënnerungspolitik agesat, andeems hien z.B. d’Schafung vun engem Stadbildarchiv gefuerdert huet. Fir ofzeschléissen, huet d’Anne-Marie Millim dorop opmierksam gemaach, dass de Batty Weber – am Ënnerscheed zu sengen Zäitgenossen Marcel Noppeney a Frantz Clément – zwar kee politeschen Aktivist war, mee mat sengem „Abreisskalender“ duerchaus u gesellschaftspoliteschen Discoursen deelgeholl a mat der Historiséierung vum Alldeeglechen eng nei Form vun erzielender Geschichtsschreiwung zu Lëtzebuerg geschaf huet.
(Text vum Fabienne Gilbertz a Fotoe vum Maike Edelhoff)