Och dëst Joer hate mer de Public nees invitéiert, fir eist Institut an eis Fuerschung ronderëm d’Lëtzebuergescht virzestellen. Dës Kéier hate mer eng aner Formule gewielt: nodeems mer 2013 an 2014 samschdes moies op e Kaffi invitéiert haten, sollten d’Leit en Dënschdeg, de 24. November 2015, op e Patt laanschtkommen.

Et gouf vill geschwat an diskutéiert a mer soen all deene Leit Merci, déi sech d’Zäit geholl haten, eis Saache kucken ze kommen a mat eis doriwwer ze schwätzen.

Wéi eng Formule d’nächst Joer um Plang steet, ass nach net fest, ëmmerhi feiert d’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft 2016 seng zéng Joer.

Foto Porte ouverte Apero 2

 

Foto Porte ouverte Apero 2015

 

Op der Foto gesitt der (vu lénks no riets):

…d’Buedemvollek: Caroline Döhmer, Tina Thill, Maike Edelhoff.

…déi viischt Rei: Fabienne Gilbertz, Jeanne Glesener, Amaru Flores Flores, Judith Manzoni, Peter Gilles, Tania Metzdorf (Hiwi).

…déi hënnescht Rei: Christoph Purschke, Catherine Millim (Hiwi), Melanie Wagner, Jamie Liddell, Lucas Duane, Ian de Toffoli, Rahel Beyer, Katja Rothe (Hiwi), Fernand Fehlen, Sara Martin (Hiwi), Joshgun Sirajzade.

Net op der Foto, mee Deel vum Team: Julia de Bres, Anne-Marie Millim, Britta Weimann.

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.