Fir déi véiert Kéier huet mam Enn vun dësem Summersemester eng weider Promotioun vun der Formation continue ‚Lëtzebuerger Sprooch a Kultur‘ hire Studium mat Succès ofgeschloss.D’Zil vun der Formatioun ass et, Léierpersonal fir Lëtzebuergeschcourë fir Erwuessener aus- a weiderzebilden. D’Haaptvolete vun de Coursen läit op linguisteschen, friemsproochendikatische a kultur-literaturwëssenschaftlechen Aspekter. D’Enseignant(e)ë komme souwuel aus dem Departement fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft wéi och aus dem Praxisëmfeld vun ‚Lëtzebuergesch als Friemsprooch‘ (Jackie Messerich, Jeff Baden).
Dës Formatioun leeft all Joer zënter 2007 an zënterhier hunn ca. 70 Persounen dës Formatioun ofgeschloss.
D’Aschreiwung fir d’Studentinnen a Studente fir d’nächst Joer ass lo op an nach bis den 31. August 2011 méiglech. Méi Infoe fënnt een op http://laf.uni.lu.